Lëtzebuerger Futtballer am AuslandKnapp Defaite fir Rostock mam Sébastien Thill

RTL Lëtzebuerg
De Samschdeg war dogéint en erfollegräichen Dag fir d'Lëtzebuerger Futtballer am Ausland.
© AFP (Archiv)

Um Sonndeg gouf et an der 2. Bundesliga eng knapp 0:1-Defaite fir Hansa Rostock géint Hannover 96. De Sébastien Thill gouf an der 78. Minutt agewiesselt.

De Leandro Barreiro huet an der 1. Liga iwwerdeems mat Mainz 1:0 zu Gladbach gewonnen. De Lëtzebuerger hat an der Ufanksphas eng gutt Chance an ass an der 58. Minutt ausgewiesselt ginn.

E 4:0-Succès gouf et a Schweden fir AIK Stockholm géint Sundsvall. De Vincent Thill war wéinst enger rouder Kaart gespaart a war net am Kader.

Samschdeg

De Laurent Jans war mat sengem neie Veräin Waldhof Mannheim am Asaz. Beim Heemmatch géint den Opsteiger vu Bayreuth gouf et eng 2:1-Victoire fir déi Schwaarz-Blo. De Lëtzebuerger stoung 90 Minutten um Terrain. Mannheim läit no dëser Victoire mat 13 Punkten op der véierter Tabelleplaz.

No engem schwéiere Start an d’Saison kënnt Norwich City ëmmer besser an d’Rullen. Um aachte Spilldag setzt sech d’Ekipp vum Danel Sinani mat 3:0 géint Coventry City duerch an ass elo Tabellenéischten an der englescher Championship. De Lëtzebuerger Nationalspiller gouf an der 83. Minutt agewiesselt, kuerz nodeems den 3:0 gefall war.

A Bulgarien stoung fir den Enes Mahmutovic an ZSKA Sofia de Match beim Tabelleleschten Spartak Varna um Programm. Sofia konnt an der 40. Minutt den decisive Gol markéieren an iwwerhëlt d’Féierung an der Tabell vum Lokalrival CSKA Sofia.

Am hollännesche Championnat huet Sparta Rotterdam mam Mica Pinto eng souverän 4:0-Victoire géint den FC Volendam gefeiert. De Lëtzebuerger stoung de ganze Match um Terrain an huet den 2:0 fir seng Faarwe markéiert.

Fir Vilafranquense an der 2. Liga a Portugal leeft et am Ufank vun der neier Saison richteg gutt. D’Ekipp vum Eric Veiga konnt sech mat 1:0 géint déi zweet Ekipp vum FC Porto behaapten a läit no fënnef Spilldeeg op der zweeter Plaz. Den Eric Veiga stoung an der Startformatioun a gouf no 67 Minutten ausgewiesselt.

An der éisträichescher Bundesliga kënnt Austria Wien net richteg an d’Rullen. Am siwente Match gouf et dat drëtt Gläichspill, wouduerch de Veräi vum Marvin Martins aktuell op der aachter Plaz ronderëm dëmpelt. Bei Austria Lustenau gouf et en 2:2-Remis. De Lëtzebuerger stoung vum Ufank bis zum Schluss um Terrain.

Fir den Timothy Martin an den RFC Seraing gouf et am belsche Championnat déi zweet Victoire vun der Saison. Géint Mechelen huet sech d’Ekipp vum Lëtzebuerger Golkipp mat 3:2 duerchgesat, obwuel se 20 Minutte viru Schluss nach mat 1:2 hanne louch. Domat läit Seraing op Plaz 16, konnt de Réckstand op d’Konkurrenz awer verkierzen. De Martin souz als Ersatzgolkipp de ganze Match op der Bänk.

Back to Top
CIM LOGO