Internationale FuttballKnapp Néierlage fir Tottenham an Arsenal, Liverpool am FA-Cup weider

Kevin Kayser
Am Ofstigkampf a Spuenien konnt sech Elche wichteg 3 Punkten huelen an och Villarreal bleift mat enger Victoire un den internationale Plazen drun.

Premier League

Tottenham Hotspurt - Brighton & Hove Albion 0:1
0:1 Trossard (90')

An der Premier League gouf et eng kleng Iwwerraschung, wéi den aktuellen 4. Tottenham Hotspur doheem knapp mat 0:1 Brighton & Hove Albion ënnerleeë war. Den Trossard hat fir d’Gäscht an der 90. Minutt getraff.

FC Southampton - FC Arsenal 1:0
1:0 Bednarek (44')

Southampton huet doheem Arsenal iwwerrascht. Mat enger knapper 1:0 Victoire festege si sech am Mëttelfeld, Aresnel dogéint huet elo mol déi 5. Plaz missten u Manchester United ofginn, déi sech knapp mat 3:2, no 3 Goler vum Ronaldo, géint den Tabelleleschten Norwich City duerchgesat hunn.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

FA Cup

Manchester City - Liverpool 2:3
0:1 Konaté (9'), 0:2 Mané (17'), 0:3 Mané (45'), 1:3 Grealish (47'), 2:3 Silva (90'+1)

An der Halleffinall vum FA Cup stounge sech den 1. aus der Premier League Manchester City an den 2. Liverpool géintiwwer. Liverpool war fréi 2:0 a Féierung gaangen, duerch Goler vu Konaté a Mané an de Mané konnt nach virun der Paus op 3:0 erhéijen. Quasi direkt nom Säitewiessel huet de Grealish City nees erubruecht ma dem Silva säin 3:2 an der 91. Minutt koum ganz spéit, esou datt Liverpool dëse Match zwar nach eng Kéier spannend gemaach huet, en awer zum Schluss wéinst enger gudder éischter Hallschent gewanne konnt.

La Liga

FC Elche - RCD Mallorca 3:0
1:0 Mojica (42'), 2:0 Bigas (58'), 3:0 Lee Kang-In (81',sg)

Am Ofstigskampf huet Elche mat dësen 3 Punkten e wichtege Schratt gemaach an hunn elo 7 Punkten Avance op eng Ofstigsplaz. Mallorca dogéint konnt sech keng Loft verschafen a steet mat 29 Punkten e Punkt virun enger Ofstigsplaz. Fir d’Heemekipp konnten de Mojica an der 42. an den Bigas an der 58. markéieren. E Selbstgol vum Lee Kang-In an der 81. Minutt huet du fir Elche endgülteg den Deckel op dëse Match dropgemaach.

FC Getafe - FC Villarreal 1:2
0:1 Moreno (7'), 0:2 Trigueros (16'), 1:2 Ünal (63')

An der Champions League steet Villarreal an der Halleffinall a wann si déi nächste Saison wëlle sécher international dobäi sinn, musse si dës scho bal gewannen. An der Liga leeft et fir si net esou ideal. No der 2:1-Victoire bei Getafe, wou si fréi 2:0 vir waren an et hannen eraus nach eng Kéier spannend gemaach hunn, steet Villarreal elo op der 7. Plaz mat 6 Punkte Retard op déi 6. Plaz, déi Qualifikatioun fir d’Conference League géif bedeiten. Getafe huet aktuell just 4 Punkten Avance op eng Ofstigsplaz.

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Serie A

Juventus Turin - FC Bolgona 1:1
0:1 Arnautovic (52'), 1:1 Vlahovic (90'+4)

Juventus huet sech doheem géint Bologna richteg schwéier gedoen. D’Gäscht hate liicht méi vum Match a sinn am Ufank vun der 2. Hallschent a Féierung gaangen. Juventus hat zwar ënnert dem Stréch méi Golchancen, et huet awer bis an d’Nospillzäit eragedauert, bis si eng dovun notze konnten an op d’mannst nach ee Punkt doheem gehalen hunn.

Lazio Roum - FC Turin 1:1
0:1 Pellegri (56'), 1:1 Milinkovic (90+3)

Lazio bleift duerch den 1:1 géint den FC Turin un den internationale Plazen drun. Laang hat et no enger Néierlag ausgesinn, well de Pellegri fir Turin den net onverdéngten 1:0 an der 56. Minutt markéiert huet. Ma de Milinkovic huet vun der Nospillzäit profitéiert, fir den Ausgläich ze schéissen.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

Ligue 1

OSC Lille - RC Lens 1:2
0:1 Frankowski (4'), 0:2 Kalimuendo (37'), 1:2 Xeka (45'+1)

Am Duell tëscht dem 7. an 8. an Frankräich hunn dëst nom 32. Spilldag d’Plaze getosch. Lille hat virum Match 48 Punkten an 1 Punkt Avance op Lens, ma si konnten d’Heemkuliss net notzen, fir sech op den direkte Verfollger ofzesetzen an un den internationale Plazen drunzebleiwen. Et war Lens, déi fréi a Féierung gaange sinn an dës esouguer nach no 37. Minutte konnten ausbauen. De Gol vu Lille an der Nospillzäit vun der 1. Hallschent huet d’Partie nees interessant gemaach, ma et sollt sech bis zum Schluss näischt méi um Resultat änneren.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

Back to Top
CIM LOGO