
Zum Optakt vun der neier Saison am Schi Alpin gouf et e Samschdeg de Mëtteg zu Sölden eng Victoire am Riseslalom fir de Marco Odermatt. De Schwäizer konnt sech mat nëmme siwen Honnertstel virum Roland Leitinger aus Éisträich behaapten. Knapp war et allerdéngs net nëmmen tëscht den éischten zwou Plazen, de Zan Kranjec aus Slowenien ass mat engem Retard vun 10 Honnertstel op de Vainqueur op déi drëtt Plaz komm.
Weider geet et am Weltcup dann de Weekend vum 13. November mam Parallelslalom zu Lech.