
Bundesliga
1. FC Köln - Hertha BSC 5:2
Et war e geckege Match zu Köln, mat ville Goler. De Selke huet déi Kölner an der 8. Minutt schonn a Féierung bruecht, mat just 10 Minutte méi spéit huet den Tousart den Ausgläich fir d’Hertha geschoss. D’Berliner hunn onbedéngt eng Victoire gebraucht, fir nach eng Chance ze hunn an der 1. Bundesliga ze bleiwen. Et war en oppene Match an d’Hertha konnt an der 33. Minutt duerch de Jovetic a Féierung goen. D’Freed war awer just vu kuerzer Dauer, well schonn an der 39. Minutt huet den Hübers nees op 2:2 ausgeglach. Ma domat net genuch... nëmme 4 Minutte méi spéit huet de Skhiri den 3:2 fir Köln markéiert.
No der Paus huet den Dardai an der 60. Minutt 3 frësch Spiller op den Terrain geschéckt, fir awer nach emol Drock ausüben ze kënnen, ma an der 69. Minutt ass d’Virentscheedung gefall. Den Hübers konnt säin zweete Gol vum Match schéissen an op 4:2 erhéijen. An der 81. Minutt huet sech dunn och nach den agewiesselten Huseinbasic an d’Scorer-Lëscht androen. Mat deem 5:2 ass de Match dann och ofgepaff ginn.
D’Hertha bleift mat 25 Punkten op der leschter Plaz an der Tabell a muss hoffen, dass déi direkt Konkurrente VfL Bochum, VfB Stuttgart an FC Schalke net punkten dëse Weekend.
Ligue 1
RC Lens - Stade Reims 2:1
Beim Optakt vum 35. Spilldag huet den Tabellenzweeten RC Lens et mat Stade Reims ze di kritt, déi op Plaz 10 vun der Tabell stinn. Lens huet nach Chancen op den Titel an der Ligue 1, huet sech awer géint Reims schwéier gedoen. An der 23. Minutt krut Reims en Eelefmeter zougesprach, deen de Balogun verwandelt huet. Dobäi koum, dass den Danso vu Lens wéinst dem Foul am Strofraum och nach déi rout Kaart kritt huet. Deemno stoungen nach ronn 70 Minutten an Ënnerzuel um Programm.
An der 39. Minutt konnt Lens awer ausgläichen, och duerch en Eelefmeter, deen de Frankowski eragesat huet.
An der 2. Hallschent war et de Fofana, deen an der 55. Minutt den 2:1 fir Lens geschoss huet.
Den RC Lens konnt dat Resultat iwwert d’Zäit retten an huet elo 75 Punkten, woumat se Plaz 2 verdeedegen. De PSG huet 78 Punkten a kritt et e Samschdeg mat Ajaccio ze dinn.

Serie A
Lazia Roum - US Lecce 2:2
Den Titel an der Serie A ass jo schonn un den SSC Neapel verginn. Mat et ass nach Spannend ëm d’Plazen hannendrun. Lazio Roum hat um Freideg den Owend US Lecce op Besuch, a bal hätt Lecce fir déi grouss Iwwerraschung gesuergt. D’Gäscht waren nämlech bis déi 93. Minutt mat 2:1 vir... bis de Milinkovic-Savic an der 94. Minutt nach den 2:2 Ausgläich fir Lazio schéisse konnt. Domat konnt Schlëmmeres verhënnert ginn, an awer huet Lazio et verpasst op Plaz 2 vun der Tabell ze sprangen. Inter Mailand huet dann och elo d’Chance Lazio vu Plaz 3 ze verdrängen, falls se um Samschdeg géint Sassuolo Calcio gewannen.
