
Dës sollen da souwuel vun der Federatioun, wéi och vum lokale Club genotzt ginn. Et gëtt gehofft, datt Enn 2024 oder Ufank 2025 déi éischt Baggere rulle kënnen.
Ufanks der Woch war d’Stad Esch, de Sportsministère, d’Tennisfederatioun an den Tennis Club vun Esch zesummekomm, fir iwwert de ganze Projet ze schwätzen. Den Escher Buergermeeschter Georges Mischo bedauert awer fir unzefänken, datt et lo nees eng Zäitche gedauert huet, bis eppes geschitt ass: Georges Mischo: “Et war elo just schued, datt nom Wiessel vum Sportminister Kersch op den Sportminister Engel, an natierlech och de Changement un der Spëtzt vum Sportministere e klengen temps mort dra war. Mä et ass awer gutt, datt elo endlech e Suivi komm ass, an datt elo eng Reunioun war, wou et viru geet”
Den Escher Buergermeeschter, deen och gläichzäiteg Sportschäffen ass, betount datt et keng Renovatioun vun den Hale vum TC Esch a vum nationalen Tenniszenter ass.
Georges Mischo: “Et soll am Fong e ganz neie Projet sinn, wou alles an de Koup geheit gëtt, well alles zimmlech al ass. Meng éischt Iddi war 2018 als Buergermeeschter, eng nei Tennishal fir den TC Esch opzeriichten. An dunn hunn ech 2018 och dem Sportminister Kersch proposéiert, gemeinsam eppes ze maachen, dat heescht souwuel nei Infrastrukturen an Installatioune fir den TC Esch, awer och gemeinsam da mat der Tennisfederatioun a mam Sportsministère fir am Fong e groussen Tenniszenter op d’Been ze stellen”
Bei dëser Infrastruktur solle Synergië tëscht enger Federatioun an engem Club genotzt ginn.
“Zum Beispill wann Davis Cup ass, datt dann d’Tennisfederatioun kann d’Terrainen vum TC Esch mat benotzen an ëmgedréit, wann den TC Esch eng Kéier e gréisseren Tournoi huet, datt d’FLT déi Terrainen, déi si hunn, dann zur Verfügung stellt”.
An der nächster Etapp sollen déi fréier Tennis-Profispiller Gilles Muller oder och nach Mandy Minella mat bäigeholl ginn, fir genee ze kucken, wéi d’Besoine vun engem nationalen Tenniszenter sinn, fir dee Sport hei am Land vun der Infrastruktur hir, esou optimal wéi méiglech no vir ze bréngen.