
An Norwegen huet Kongsvinger mam Lëtzebuerger Nationalspiller Lars Gerson 2:1 géint Sandnes Ulf gewonnen. De Lëtzebuerger stoung de komplette Match iwwer um Terrain.
AIK Stockholm huet a Schweden 0:0 géint Mjällby AIF gespillt. De Vincent Thill stoung an der Startopstellung, gouf allerdéngs an der drëtter Minutt vun der Nospillzäit vun der éischter Hallschent ausgewiesselt.
An der Belsch huet d’Union Saint-Gilloise sech mat 0:2 géint Royal Antwerpen misse geschloe ginn. De Lëtzebuerger Nationalgolkipp stoung 90 Minutte laang um Terrain.