FLAMKontrakt mam Karate-Nationaltrainer Michael LeCaplain net verlängert
Wéi d'FLAM an engem Communiqué matdeelt, wäert de Kontrakt, deen de leschten Dezember ausleeft, net verlängert ginn.
Verëffentlecht: 01.09.20 21:23, Update: 05.12.25 13:01
Et wéilt een de Wee vun enger konsequenter Erneierung am Karate goen, dee scho leschte September ugefaangen huet. Do wier et e logesche Schrëtt, och de Poste vum Nationaltrainer nei ze besetzen.
PDF: De Communiqué vun der FLAM