Preview Champions LeagueKréie Bayern München oder Benfica Lissabon den 1. Géigegol geschoss?

RTL Lëtzebuerg
Dës Woch steet an der Champions League den 3. Spilldag um Programm. Lues awer sécher decidéiert sech, wien de Sprong an 1/8 Final packt.
Preview Champions League
En Dënschdeg kritt Borussia Dortmund et mat Ajax Amsterdam ze dinn an e Mëttwoch muss Benfica Lissabon sech mat Bayern München moossen.

Gutt Chancen huet Benfica Lissabon, d’Ekipp aus Portugal kritt et e Mëttwoch mam FC Bayern München ze dinn. Et gëtt eng intressant Partie well béid Formatioune kruten am Grupp E nach kee Goal geschoss. Dat kéint sech e Mëttwoch den Owend awer änneren.

Den däitschen Rekordchampion huet sech de Weekend an der Bundesliga géint Leverkusen schonn emol waarm geschoss. No 37 Minutten hunn d’Spiller Lewandowski, Müller an Gnabry fir e 5-0 Pauseresultat gesuergt. Dowéinst muss Benfica Lissabon sech waarm undoen, fir net ënnert Rieder ze geroden.

An dat no enger richteger Demonstratioun. Dat muss en ganz kloer esou soen. Lues a lues zielt Bayern München an der Champions League, de Bilan dierf een natierlech net ze fréi zéien, och dës Saison nees zu den Favoritten“,esou den FLF-President Paul Philipp.

Och wa Lissabon géint Barcelona souverän mat 3:0 gewonnen huet, waart mat der Ekipp vum Julian Nagelsmann en anere Kaliber op Portugisen. Benfica brauch e gudden Owend, wa si géint d’Bayern punkte wëllen.

„Jo, sou ee wéi si géint Barcelona haten. D’Ekipp vu Barcelona ass och momentan net déi, déi mir gewinnt sinn. Et muss een trotzdeem 3:0 géint si wannen. Benfica huet e Punkt zu Kiew geholl, mä si wëssen, dass trotzdeem nach 4 Matcher ze spillen sinn. Barcelona kann nach waakreg ginn. Dat heescht, si brauche punkte fir déi zweeten Plaz ofzesécheren, wat d’Qualifikatioun fir KO-Phase géif bedeiten.“

En Dënschdeg den Owend spillt Ajax Amsterdam géint Borussia Dortmund an d’Supporter vum BVB dierft et freeën, dass hiren Superstar aus Norwegen Erling Haaland nees fit ass.

„Dat si se. Et ass quasi eng Garantie. En ass ëmmer erëm verletzt a wann een awer kuckt, wéi vill Goaler, dass hie schéisst, schonn nees 9 an dëser Saison. Et ass schonn e Phenomen. Si sinn, an dat muss een och ganz kloer soen, e bëssen ofhängeg vun him, wat den offensiv Beräich ubelaangt, mä wie wier vun esou engem Spiller net ofhängeg, mä déi Ekipp vun Dortmund fänkt u lues a lues ze rullen. Och dat dierft en intressante Match ginn an ech géif och mengen, wann een d’Aart a Weis gesäit, vun deenen zwou Ekippen, mat enger Partie Goaler.“

Wéi vill Goaler dann tatsächlech falen, dat kënnt Dir muer respektiv e Mëttwoch wéi gewinnt 20.45 Auer un op RTL Zwee an am Livestream op RTL.lu suivéieren.

Back to Top
CIM LOGO