F91 DiddelengKritt d'Ekipp aus der Forge du Sud 3 Punkten um Gréngen Dësch?

Franky Hippert
Déi Diddelenger hunn eng Reklamatioun beim Verbandsgeriicht vun der FLF agereecht.

Et geet ëm déi éischt Partie no der Wanterpaus tëscht Diddeleng an Nidderkuer. Den F91 war no 90 Minutte mat enger 1:4 Defaite vum Terrain gaangen. Bei deem Match war de Jeff Strasser, u sech wéi normal, beim Progrès op der Trainerbänk. Genee dat ass awer elo de Punkt, wéinst deem d’Ekipp aus der Forge du Sud d’Verbandsgeriicht vun der FLF mat der Saach saiséiert huet.

Kritt den F91 3 Punkten um Gréngen Dësch? / Franky Hippert

Kuerz virun der Wanterpaus hat de Jeff Strasser seng 5. giel Kaart kritt, déi war och esou am BIO vum 14. Dezember zejoert publizéiert ginn, an dat bedeit, datt een deen nächste Spilldag gespaart ass. Deen nächste Spilldag no där Publikatioun war eben den éischte Spilldag no der Wanterpaus.
Lo gëtt et awer nach ëmmer déi Absurditéit an de Statute vun der FLF, datt ee giel Kaarte vum Seniorsberäich och an aner Kategorien ofsëtze kann. Tëscht deem leschte Match virun der Wanterpaus an deem éischten no der Wanterpaus waren lo zwee potenziell Rendezvousen, bei deenen den Trainer vun Nidderkuer seng 5. giel Kaart hätt kënnen ofsëtzen, esou op jiddwerfalls d’Interpretatioun vun deene Responsabele vum Progrès. Déi zwee Rendezvouse waren an der Coupe du Prince an am Futsal. Fir sécher ze goen, hunn déi Nidderkuerer bei der FLF nogefrot a krute schrëftlech matgedeelt, datt dat iwwert dee Wee wuel méiglech wier.

Den interne Reglement vun der FLF ass, wat d’Kaarte betrëfft, virun allem bei den Traineren, op verschiddene Plazen esou flou, datt et fir d’Acteuren heiansdo schwéier ass, den Duerchbléck ze behalen.
D’Interpretatioun vun Diddeleng wär awer elo esou, datt ee kee Match aus dem Championnat bei de Senioren an der Coupe bei der Jugend oder eben am Futsal kéint aussetzen. Fir dat Ganzt ze klären, huet den F91 elo eben eng Reklamatioun beim Verbandsgeriicht agereecht. E Mëttwoch soll d’Kontrollkommissioun vun der FLF d’Reklamatioun eng éischte Kéier kucken an en Donneschdeg kënnt den Dossier da virun d’Verbandsgeriicht.
Do sinn dann eng Partie Resultater méiglech: Et kann alles beim Ale bleiwen, Nidderkuer kann eng Geldstrof kréien oder de Progrès kann de Match nodréiglech, Forfait 0:3 verléieren anden F91 déi 3 Punkten zougeschwat kréien.

Back to Top
CIM LOGO