
Um Sonnden Owend war den Optakt vum leschte Spilldag an der WM-Qualifikatioun mat de Gruppe B, H a J. Kroatien ass duerch eng knapp Victoire géint Russland bei der WM am Katar dobäi.
Klickt hei, fir op den Artikel mam Match Lëtzebuerg-Irland ze kommen.
Spuenien qualifizéiert sech als Gruppenéischte fir d’WM am Katar. Schweden kënnt op déi zweete Plaz a muss domadder an d’Playoffen. Griichenland bleift trotz Remis op der drëtter Plaz. Hannendru komme Georgien an de Kosovo op de Plaze 4 a 5.
Spuenien - Schweden 1:0
1:0 Morata (86')
Griichenland - Kosovo 1:1
1:0 Masouras (44'), 1:1 Rrahmani (76')
Duerch d’Defaite géint Kroatien fält Russland op déi zweete Plaz an der Tabell a muss iwwer de Playoff de Wee an de Katar fannen. Op d’Plazen 3 a 4 kommen d’Slowaken an d’Slowene mat 14 Punkten. Zypern séchert sech duerch déi besser Goldifferenz um leschte Spilldag déi fënneft Plaz viru Malta.
Kroatien - Russland 1:0
1:0 Kudryashov (81', Selbstgol)
Slowenien - Zypern 2:1
1:0 Zajc (48'), 2:0 Gnezda Cerin (84'), 2:1 Kakoulis (89')
Malta - Slowakei 0:6
0:1 Rusnak (6'), 0:2 Duda (8'), 0:3 Rusnak (16'), 0:4 Duda (69'), 0:5 De Marco (72'), 0:6 Duda (80')
Duerch zwou Victoiren an de leschten zwee Matcher huet sech Nordmazedonien nach op déi zweet Plaz verbessert. Däitschland hat sech mat 27 Punkte scho méi laang fir d’WM am Katar qualifizéiert. Rumänien verpasst déi 2. Plaz ëm ee Punkt. Hannendru kommen Armenien, Island a Liechtenstein, déi um Wupp vun der Tabell stinn.
Armenien - Däitschland 1:4
0:1 Havertz (15'), 0:2 Gündogan (45+4', Eelefmeter), 0:3 Gündogan (50'), 1:3 Mkhitaryan (59'), 1:4 Hofmann (64')
Nordmazedonien - Island 3:1
1:0 Alioski (7'), 1:1 Thorsteinsson (54'), 2:1 Elmas (65'), 3:1 Elmas (87')
Liechtenstein - Rumänien 0:2
0:1 Man (8'), 0:2 Bancu (87')