Am Stade de Luxembourg hat Lëtzebuerg um Sonndeg den Owend déi historesch Chance op déi drëtt Tabelleplaz an der Qualifikatioun fir d’Weltmeeschterschaft 2022 am Katar. Virum eegene Public huet d’Ekipp vum Luc Holtz Irland empfaangen.
D’Rout Léiwen hunn de ganze Match iwwer gutt matgehalen, hu sech um Enn awer misse mat 0:3 geschloe ginn. An der zweeter Hallschent huet Irland dräi Goler geschoss a sech domadder fir d'0:1-Defaite aus dem Allersmatch revanchéiert.
Am zweete Match am Grupp A hu Portugal a Serbien am direkten Duell ëm d’Gruppevictoire gespillt. Serbien huet sech duerch e Gol vum Mitrovic kuerz viru Schluss mat 2:1 a Portugal duerchgesat a sech domadder direkt fir d’WM am Katar qualifizéiert. Portugal muss sech als Zweeten iwwer de Playoff fir d’WM qualifizéieren. Irland iwwerhëlt Lëtzebuerg a klëmmt duerch e bessert d’Golverhältnis op déi drëtt Plaz. Aserbaidjan ass mat engem Punkt op der leschter Plaz bliwwen.
Doriwwer eraus hu sech Kroatien a Spuenien am leschte Match fir d’WM am Katar qualifizéiert.
D’Gäscht aus Irland wollte sech fir Defaite aus dem Allersmatch revanchéieren an hu vun Ufank u probéiert, vun de Lëtzebuerger Ballverloschter ze profitéieren a séier no vir ëmzeschalten.
No sou enger Ëmschaltsituatioun huet de Selimovic, deen nei an der Ekipp war, no engem Feeler op de Géigner d’giel Kaart gewise kritt. Lëtzebuerg huet sech an den éischte Minutte schwéier gedoen, fir sech Chancen erauszespillen.
No 19 Minutte gouf just virum Strofraum e Feeler op de Rodrigues gemaach. De Fräistouss vum Sinani war awer net geféierlech. Kuerz drop huet de Bazunu am iresche Gol e Wäitschoss vum Olivier Thill paréiert.
Virun der Paus sinn d’Gäscht besser an de Match komm a sinn ëmmer erëm iwwer déi lenks Säit mam Ogbene geféierlech no vir komm. An der 38. Minutt huet de McClean nach iwwer de Gol geschoss. Eng Minutt méi spéit huet de Ralph Schon bei zwee weidere Schëss missen agräifen. Déi bescht Chance hat awer de Egan no engem Corner. De Schon konnt op en Neits de Gol verhënneren.
Nom Säitewiessel hu béid Ekippen de Rhythmus erhéicht a Lëtzebuerg huet méi geféierlech no vir gespillt. An der 48. Minutt stoung de Rodrigues no engem géigneresche Feeler eleng virum Gol, säi Schoss war awer ze schwaach.
Sechs Minutte méi spéit huet de Sinani de Ball am Filet ënnerbruecht. Den ungareschen Arbitter huet awer e Feeler vum Deville ofgepaff, soudass de Gol net gezielt huet.
An enger Phas, wou Lëtzebuerg méi no um Gol dru war, sinn d’Gäscht op der anerer Säit a Féierung gaangen. No engem Fräistouss huet den Duffy d’Gewulls am Strofraum genotzt, fir de Ball an de Gol ze käppen. Kuerz drop huet den Ogbene mam zweete Gol fir d’Virentscheedung gesuergt.
Lëtzebuerg huet nach eng Kéier probéiert erunzekommen, mee dräi Minutte viru Schluss huet de Robinson fir 3:0-Endresultat gesuergt. D’Rout Léiwe schléissen dës Campagne op der véierter Plaz mat 9 Punkten of. Et ass dat bescht Resultat fir eng Lëtzebuerger Ekipp an enger WM-Qualifikatioun.