Nations LeagueKroatien steet an der Finall

RTL Lëtzebuerg
D'Ekipp vum Dalic huet no Verlängerung Holland mat 4:2 geklappt an domadder den Ticket fir d'Finall e Sonndeg geléist.
© AFP

Am Futtball gëtt e Sonndeg den drëtte Gewënner an der Geschicht vun der Nations League gesicht. An der éischter Halleffinall stounge sech e Mëttwoch den Owend zu Rotterdam Holland a Kroatien géigeniwwer. Um Enn ka sech Kroatien no Verlängerung mat 4:2 géint d’Hollänner behaapten a ka vum éischte groussen internationalen Titel dreemen.

Holland war duerch de Malen an der 34. Minutt mat 1:0 a Féierung gaangen. No der Paus hat de Kramaric per Eelefmeter (55') op 1:1 gesat. An der 72. Minutt hat dunn de Pasalic d’Kroate mat 2:1 a Féierung bruecht. Bis Sekonne viru Schluss hat et dunn no enger Victoire fir de Vizeweltmeeschter vun 2018 ausgesinn, ma de Lang konnt an der 6. Minutt vun der Nospillzäit nach den 2:2 schéissen an huet Holland an d’Verlängerung gerett.

Hei hunn d’Kroaten dunn awer nach zweemol nogeluecht, dat duerch de Petkovic (98') an de Modric per Eelefmeter (116'), sou datt um Enn eng 4:2-Victoire erausgesprongen ass.

Mat wiem Modric a Co et e Sonndeg den Owend an der Finall ze di kritt, decidéiert sech en Donneschdeg den Owend. An der zweeter Halleffinall sti sech Spuenien an dem Europameeschter Italien géigeniwwer.

Back to Top
CIM LOGO