
E Sonndeg stoungen am nationale Sportkeelen d’Finalle vun der Coupe um Programm. Aus organisatoresche Grënn goufen dës zu Morbach an Däitschland gespillt.
Bei den Häre huet sech um Enn de KSC Honnerter Performance A géint Bieles 2000 duerchgesat a bei den Damme gouf et eng Victoire vun der Ekipp Joker 86, déi sech géint KSC Amicale behaapte konnten.