Si huelen eis mat op eng Plaz, déi fir si eng Bedeitung huet a weisen eis e bësse vun hirem Alldag. Den Ufank mécht den Nationalspiller Sébastien Thill.
Real Madrid géint Sheriff Tiraspol – den Champions-League-Match am September ass an d’Geschicht agaangen. An der 89. Spillminutt huet de Sébastian Thill den 2:1 fir Sheriff Tiraspol markéiert. Hien ass domat den éischte Lëtzebuerger, deem e Gol an engem Champions-League-Match gelongen ass.
Ma wien ass den 28 Joer ale Futtballnationalspiller eigentlech? De Loïc Juchem stellt eis e Kuerz a Knapp vir.