Schi AlpinLara Gut-Behrami gewënnt Super G viru Sofia Goggia

RTL Lëtzebuerg
Um Samschdeg de Moie war et bei den Dammen de Super G zu St. Moritz, wärend d’Hären um Mëtteg de Riseslalom zu Val d’Isère gefuer sinn.
© AFP

Zu St. Moritz an der Schwäiz konnt d’Lara Gut-Behrami sech d’Victoire mat enger Avance vun 0,18 Sekonnen op d’Italienerin Sofia Goggia sécheren. Komplettéiert gouf de Podium vun der US-Amerikanerin Mikaela Shiffrin, déi e Retard vun 1 Sekonn an 18 Honnertstel op d’Schwäizerin un der Spëtzt hat.

Beim Riseslalom zu Val d’Isère war et dann de Schwäizer Marco Odermatt, dee senger Favoritteroll gerecht konnt ginn a sech mat engem Virsprong vun 0,59 Sekonnen op den Zweeten Alexis Pinturault duerchgesat huet. Drëtten ass den Éisträicher Manuel Feller mat engem Réckstand vun 1,24 Sekonne ginn.

Back to Top
CIM LOGO