Schi AlpinLara Gut-Behrami iwwerzeegt an der Descente

RTL Lëtzebuerg
Am Schi Alpin ass e Freideg zu Crans Montana an der Schwäiz eng Descente gefuer ginn.
© AFP

D’Schwäizerin Lara Gut-Behrami ass hei déi séiersten Zäit gefuer. Déi zweet Plaz hu sech d’Éisträicherin Cornelia Hütter an d’Schwäizerin Jasmine Flury geséchert. Si haten allebéid e Retard vun 21 Honnertstel op d’Gewënnerin.

D’Schwäizerin baut domadder hir Avance op d’Mikaela Shiffrin am Gesamtweltcup aus. D’Mikaela Shiffrin war no hirer Chute zu Cortina d’Ampezzo Enn Januar an Italien e Freideg nach ëmmer net um Depart. Déi 28 Joer al Amerikanerin feelt weiderhi wéinst enger Blessur um Knéi.

Back to Top
CIM LOGO