175 Joer Prisong fir sexuelle MëssbrauchLarry Nassar gouf am Prisong duerch e puer Messerstéch schwéier verwonnt

RTL Lëtzebuerg
De Larry Nassar ass e fréieren Dokter vun den US-Konschtturnerinnen, dee wéinst sexuellem Mëssbrauch zu 175 Joer Prisong verurteelt gouf.
© AFP

An engem Prisong am US-Bundesstaat Florida ass hien elo duerch e puer Messerstéch blesséiert ginn. Wéi den Joe Rojas vun der Gewerkschaft vun de Giischtercher géigeniwwer der AFP sot, wier den 59 Joer alen Nassar sou wäit hie Bescheed wéisst a stabillem Zoustand.

Dem Rojas no gouf den Nassar zweemol an den Hals, sechsmol an d’Broscht an zweemol an de Réck gepickt. D’Personal vum Prisong hätt direkt éischt Hëllef geleescht an de medezineschen Noutdéngscht geruff. Hie koum an der Suite an d’Spidol.

Den Nassar war fréier den Dokter vum US-amerikaneschen Turnverband a war an dräi Prozesser wéinst sexuellem Mëssbrauch an 156 Fäll zu am Ganzen 175 Joer Prisong verurteelt ginn. Seng Affer hunn 2021 eng Entschiedegung vun 380 Milliounen Dollar kritt. Déi gréisst Entschiedegung, déi et jeemools fir Affer vu sexuellem Mëssbrauch gouf.

Back to Top
CIM LOGO