DFB-PokalLaurent Jans iwwer d'Defaite géint Nürnberg

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg den Owend huet de Laurent Jans mat Waldhof Mannheim doheem an der zweeter Ronn vun der däitscher Coupe 0:1 géint Nürnberg verluer.
© Sam Rickal

Laurent Jans iwwer d’Defaite géint Nürnberg / Rep. S. Rickal

Eng batter Defaite, bei där de Kapitän vun der Lëtzebuerger Futtballnationalekipp den Ausgläich um Fouss hat.

Ronn eng Stonn konnt Waldhof Mannheim déi sougenannten Null hannen halen, ier hiren eegenen Defenseur Gerrit Gohlke de Ball an den eegene Gol deviéiert huet. Et war ee Match, an deem d’Golchancë rar waren. Déi gréisst Golgeleeënheet op den Ausgläich hat de Kapitän vun der Lëtzebuerger Futtballnationalekipp héchstperséinlech. Säi Schoss goung awer aus kuerzer Distanz iwwert de Gol. Hie selwer huet d’Situatioun esou gesinn.

Et war eng Aktioun, wou mir eis vu riets duerchgespillt hunn an de Ball du virun de Gol geflankt gouf. Ech hu bësse spekuléiert a sinn einfach duerchgelaf. Mäi Géigespiller war e bëssen iwwerrascht a konnt mäi Kierper virun en drécken. Kuerz ier ech schéissen, gëtt hie mir nach liicht Kierperkontakt vun hanne mat, wat mech du ganz liicht beim Schoss destabiliséiert huet. Ech muss deen awer eraschéissen an da steet et 1:1, da weess een net wéi et geet.

Mannheim - Nürnberg 18.10.2022
En Dënschdegowend huet de Laurent Jans mat Waldhof Mannheim doheem an der zweeter Ronn vun der däitscher Coupe 0:1 géint Nürnberg verluer.

Mannheim, ugefeiert vun 18.000 Supporter am heemesche Carl-Benz-Stadion, huet zwar zum Schluss nach alles no vir geheit, mee um Enn sollt et bei der 0:1-Defaite bleiwen. De Weekend geet et an der drëtter Liga doheem géint Essen. Vu 6 Heemmatcher dës Saison goufen et 18 Punkten. Eng Victoire wier quasi Flicht, fir den Uschloss un d’Opstigsplazen net ze verléieren.

Bis elo leeft et an der Liga doheem ganz gutt fir eis. Mir hunn d’Championnatsmatcher doheem nach all gewonnen. Dat och, well eis Zuschauer eis immens pushen an hannert eis stinn. Mir wëllen déi Serie am Championnat natierlech oprecht erhalen. Mir hunn elo ee ganz wichtege Match géint Essen an duerno nach direkt doheem géint Dresden. Dat sinn elo wichteg Woche fir eis.

D'0:1-Defaite an der Coupe war gläichzäiteg déi éischt Néierlag am eegene Stadion dës Saison. Auswäerts mussen d’Jonge vum Christian Neidhart sech awer nach steigeren. Do läit Mannheim mat just engem Punkt no 6 Matcher op der leschter Plaz vun der Auswäertstabell.

Mat 6 Punkte Retard op d’Barrageplaz ass fir d’Ekipp ronderëm de Laurent Jans a Saachen Opstig awer nach alles méiglech.

Back to Top
CIM LOGO