Lëtzebuerger Futtballer am AuslandLaurent Jans op en Neits mat engem Gol fir Waldhof Mannheim 

RTL Lëtzebuerg
De Leandro Barreiro spillt mat Mainz Gläich géint Frankfurt. De Gerson Rodrigues huet iwwerdeems an der Tierkei fir Silvasspor getraff. 
© Claude Dublin

De Laurent Jans huet mat Waldhof Mannheim an der 3. Liga an Däitschland um Sonndeg den Owend 3:2 géint den Hallescher FC gewonnen. Dobäi stoung de Kapitän vun der Lëtzebuerger Nationalekipp 90 Minutten iwwer um Terrain. Den Defenseur krut an der 85. Minutt déi Giel Kaart gewisen. Den tëschenzäitlechen 2:1 fir Mannheim huet de Laurent Jans selwer markéiert, och wann säi Schoss nach vum Lofolomo oofgeblockt ginn ass.

An der 1. Bundesliga huet de Leandro Barreiro mat Mainz 1:1-Gläich géint Eintracht Frankfurt gespillt. De Lëtzebuerger hat selwer 2 gutt Chancen am Match, déi néideg Reussite hunn him awer gefeelt. An der Nospillzäit huet Frankfurt den 1:1 Ausgläich konnte schéissen. Mainz huet no 2 Matcher 1 Punkt um Konto. De Leandro Barreiro huet de ganze Match gespillt.

De Lars Gerson spillt a Norwege mat Kongsvinger 1:1 géint KFUM Oslo. De Lars Gerson stoung 90 Minutten um Terrain. Iwwerdeems huet an Éisträich de Marvin Martins mat Austria Wien 0:2 zu Linz verluer.

Den Danel Sinani ass an der 2. Bundesliga beim 0:0 vu St. Pauli a Magdeburg net zum Asaz komm an huet missen 90 Minutte vun der Bänk nokucken, wéi Pauli trotz 26 zu 5 Schëss et net gelongen ass, e Gol ze markéieren.

De Seid Korac spillt a Schweden mat Deferfors 1:4 géint Djurgardens. Dobäi huet de Korac de ganze Match gespillt.

Samschdeg

An der Ligue 2 a Frankräich huet um 4. Spilldag Bastia mam Florian Bohnert 3:2 géint Troyes gewonnen. De Lëtzebuerger Defenseur stoung de ganze Match um Terrain. An der Paus louch Bastia nach mat 0:2 a Réckstand, huet de Match an der zweeter Hallschent dunn nach konnten dréinen.

Iwwerdeems huet den Yvandro Borges mat Gladbach an der 1. Bundesliga 0:3 géint Leverkusen verluer. Den Yvandro Borges ass an der 79. Minutt fir den Honorat agewiesselt ginn.

Fir den SV Elversberg mam Lëtzebuerger Co-Trainer Raphael Duarte gouf et an der 2. Däitscher Bundesliga eng däitlech 0:5-Néierlag géint Fortuna Düsseldorf. Domat bleift Elversberg no 4. Spilldeeg op der leschter Plaz an der Tabell, dat mat aktuell engem Punkt.

Net vill besser ass et beim Mathias Olesen an der 1. Bundesliga gelaf. Köln huet mat 1:2 géint Wolfsburg verluer. De Lëtzebuerger Nationalspiller ass an der 69. Minutt fir de Martel agewiesselt ginn. Köln verléiert deemno déi éischt 2 Matcher vun der neier Saison.
Besser gelaf ass et fir de Gerson Rodrigues. Um 3. Spilldag an der Süper Lig an der Tierkei huet de Lëtzebuerger an der 36. Minutt den 1:1 Ausgläich fir Silvasspor konnte markéieren. An der 72. Minutt krut de Rodrigues dunn vum Arbitter déi Giel Kaart gewisen, éier hien an der 89. Minutt ausgewiesselt gouf. Um Enn trennen sech Silvasspor an Antalyaspor 1:1-Gläich.

Am Aserbaidjan huet um 3. Spilldag de Vincent Thill mat Sabah Baku 0:1 géint Zira verluer. De Vincent Thill stoung iwwer 90 Minutten um Terrain. Sabah Baku steet aktuell mat 4 Punkten op der 5. Plaz an der Tabell.

Um 7. Spilldag a Bulgarien ass de Enes Mahmutovic beim 1:1 vu Sofia géint Cherno More Varna net zum Asaz komm, nämmlecht wéi de Maxime Chanot bei der 0:3-Néierlag vun New York géint Cincinnati an der amerikanescher MLS.

Freideg

E Freideg den Owend war St. Pölten dem Floridsdorfer AC mat 2:0 iwwerleeën. D’Goler hunn den Dombaxi an der 38. Minutt an de Gschweidl an der 56. Minutt geschoss. Den Dirk Carlson huet fir d’Heemekipp déi 90 Minutten duerchgespillt.

St. Pölten steet mat 12 Punkte punktgläich mat Graz un der Spëtzt vun der Tabell.

Back to Top
CIM LOGO