Déisäits der Musel war dat éischt grousst europäescht Futtball-Land, dat no der Ënnerbriechung duerch de Coronavirus nees ugefaangen hat mat der Kompetitioun. 5 Spilldeeg hu se elo an der 1. Liga hannert sech, an de Franky Hippert huet beim Profi vum SC Paderborn nogefrot, wéi hien d’Reprise mat all deene sanitäre Mesuren erlieft huet.
E Samschdeg spillt Paderborn, Tabelleleschten, déi extrem wichteg Partie doheem géint den Zweetleschte Werder Bremen. Am Fall vun enger Defaite kéint dat scho fir déi nächst Saison den Ofstig an déi 2. Liga bedeiten.
De Laurent Jans huet an deene 5 Matcher 3 Mol gespillt. An deenen 3 Partië gouf et all Kéier e Remis. E Samschdeg war dat och de Fall beim 1:1 zu Leipzig. Mat enger Note 3 war de 27 Joer ale Rietsverteideger deen drëttbeschte Spiller an senger Ekipp. Bei der Reprise war et fir d’Futtballspiller awer alles anescht wéi evident, well een emol net een Testmatch an de Been hat:
Am Ufank war et e bësse komesch, well een net wousst, wou ee steet. Mir haten och nach net laang mam Ekippentraining ugefaangen. Am Training hate mer och emol 11 géint 11 trainéiert, ma dat ass awer net dat nämmlecht.
Speziell war an ass sécherlech och nach ëmmer de Faite, datt ouni Spectateuren am Stadion gespillt gëtt:
Dat war eppes ganz Neits, do huet ee sech missen dru winnen, beim Waarmmaachen kënnt een eraus an et schaalt. Mir wëssen awer och, datt et am Moment net anescht méiglech ass, mä d’DFL huet e super Konzept op d’Bee gestallt.
Et huet een no den éischte Matcher d’Impressioun, wéi wann et ouni Spectateuren awer méi ziviliséiert um grénge Stéck géif iwwert d’Bün goen. De 64-fache Lëtzebuerger Nationalspiller fënnt awer, datt d’Spectateuren einfach dozou gehéieren:
Ech si kee Frënd dovun, fir virun eidele Räng ze spillen, och wann ee weess wéi d’Atmosphär soss an den däitsche Stadionen ass. Mir spille jo Futtball fir eis Supporter. Déi Matcher, déi mir elo gespillt hunn, fannen ech net, datt mir manner aggressiv sinn. Mir wëssen ëm wat et geet, datt mir am Ofstigskampf sinn.
De Laurent Jans ass jo vum FC Metz op Paderborn ausgeléint. A Frankräich hat d’Futtball Ligue decidéiert, d’Saison net méi weider ze spillen. Den Hexagon wäert awer wuel dat eenzegt grousst Futtball-Land sinn, an deem net fäerdeg gespillt wäert ginn. Do stellt sech natierlech d’Fro wéi jalous d’Spiller aus der Ligue 1 an eben och d’Equipiere vum Lëtzebuerger zu Metz op Däitschland eriwwer kucken:
Ob Spiller vu Metz jalous sinn géif ech net soen. Si fannen et cool, datt Däitschland e Programm ausgeschafft huet, fir nees kënnen ze spillen. Wann déi Däitsch eppes maachen, maache se dat richteg. Fir dat ze erklären, bei der Urees musse mer an 2 Busser fueren, fir genuch Ofstand tëscht de Spiller ze hunn. An den Hoteller, wa mer auswäerts spillen, ginn et och esou vill Reegelen, dat ass schonn impressionnant.
Wéi et ëm seng Zukunft beim SC Paderborn ausgesäit, weess de Kapitän vun der Lëtzebuerger Nationalekipp nach net.
