
Rezent war de Barreiro mat Borussia Mönchengladbach a Verbindung bruecht ginn. Elo mellt d’Bild awer, Mainz wier sech mam Barreiro iwwert eng Verlängerung eens ginn, dat allerdéngs just, falls am August keng interessant Offer fir de Mëttelfeldspiller sollt erakommen. Dat ass esou och um Portal Transfermarkt.de ze liesen.
Dem Barreiro säi Maartwäert gëtt aktuell mat 14 Milliounen Euro uginn.
Et bleift also spannend am Poker ëm den 23 Joer jonke Lëtzebuerger Nationalspiller.