
Benfica Lissabon sollt en Dënschdegowend bei der 2:0-Victoire géint Ajax Amsterdam deen éischte Punktgewënn an dëser Champions-League-Saison geléngen. Positiv opgefall ass dobäi och de Leandro Barreiro, dee mat sengem Gol an der 90. Minutt zum 2:0 den Deckel op de Match maache konnt.
No enger schéiner Une-Deux mam Aursnes war de Leandro Barreiro fräi duerch a konnt eleng a Richtung Gol marschéieren. Um Enn hat de Lëtzebuerger keng Problemer, fir de Ball am Gol ënnerzebréngen.
De Gol kënnt Dir Iech iwwerdeems hei am Replay ukucken: