
RB Leipzig - Union Berlin
0:1 Becker (25') 1:1 Silva (61',p), 1:2 Fosberg (90'+3)

Mat der éischter grousser Chance am Match huet Berlin och direkt den éischte Gol markéiert. Iwwert e Konter fënnt d’Flank vum Trimmel de Becker, deen aus spatzem Wéckel de Ball perfekt trëfft an d’Gäscht a Féierung bréngt. Eng gutt Chance hat Leipzig no 37 Minutten, ma de Silva huet de Ball knapp laanscht de Gol geschoss.
Nom Säitewiessel war Leipzig déi besser Ekipp an huet méi Drock gemaach. No engem Foul no enger Stonn huet den Arbitter als éischt Lafe gelooss, ma no engem Bléck op de VAR awer op Eelefmeter decidéiert. De Silva huet sech dëst net huele gelooss an den 1:1 fir d’Heemekipp geschoss. Leipzig huet dono weider Drock gemaach an sech an der Nospillzäit dofir belount, wéi de Fosberg eng gutt Flank vum Henrichs mam Kapp eraschéisse konnt. Kuerz drop stoung fest: Freiburg trëfft an der Finall vum DFB-Pokal op Leipzig.
Juventus Turin - AC Florenz 2:0
1:0 Bernardeschi (32'), 2:0 Danilo (90'+4)

Den Allersmatch hat déi al Damm aus Turin mat 1:0 gewonnen an hat domadder eng gutt Ausgangspostioun am Retourmatch. Wéi de Bernardeschi an der 32. Minutt och an dësem Match d’Juvé a Féierung bruecht huet, war d’Finall scho bal ze gesinn. An der 69. Minutt hat de Rabiot esouguer den 2:0 geschoss, ma de VAR hat en Abseits opgedeckt, esou datt et beim 1:0 bliwwen ass bis an der 94. Minutt, wéi den Danilo op 2:0 erhéicht huet. Juventus huet Florenz net vill Chance gelooss, fir den Réckstand aus den zwee Matcher ewechzemaachen an esou steet de Club aus Turin no enger 1:0- an enger 2:0-Victoire an der Finall vun der Coppa Italia, wou een op Inter Mailand trëfft.
FC Chelsea - FC Arsenal 2:4
0:1 Nketiah (13'), 1:1 Werner (17'), 1:2 Rowe (27'), 2:2 Azpilicueta (32'), 2:3 Nkethia (57'), 2:4 Saka (90'+2,p)

Et war e Kampf mat oppenem Viséier dësen Duell aus der englescher Haaptstad. Esou stoung et no eppes méi wéi enger hallwer Stonn schonn 2:2. Arsenal huet all Kéiers virgeluecht an d’Chelsea huet nogezunn. Nom Säitewiessel ass Arsenal an hirem Rhythmus vun 2 Goler bliwwen, ma Chelsea konnt net méi nozéien. Esou wënnt Arsenal de London-Duell mat 4:2 a bleift un den Champions-League-Plazen drun.
FC Everton - Leicester City 1:1
0:1 Barnes (5'), 1:1 Richarlison (90'+2)
Quasi mat der éischter Chance vum Match ass Leicester a Féierung gaangen, nodeem de Maddison de Barnes perfekt an Zeen gesat an deen aus kuerzer Distanz markéiere konnt. Vill Chance gouf et virun der Paus net méi, esou datt et mat enger klenger Avance fir d’Gäscht an d’Paus goung. Laang huet et gutt fir Leicester ausgesinn, ma Everton huet sech net opginn an an der 92. Minutt konnte si den Ausgläich markéieren. Leicester bleift domadder am Mëttelfeld an Everton sammelt ee wichtege Punkt am Ofstigskampf.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Atlético Madrid - FC Granada 0:0
An engem Match ouni gréisser Chancen hat Atlético der e puer méi, déi si awer net notze konnten. An der Tabelle hu si elo dowéinst als 2. just ee Punkt Avance op den 3. a 4., déi awer béid nach zwee respektiv ee Match manner hunn. Granada bleift mat deem Punkt un den Net-Ofstigsplazen drun.
CA Osasuna - Real Madrid 1:3
0:1 Alaba (12'), 1:1 Budimir (13'), 1:2 Asensio (45'), 1:3 Vazquez (90'+6)

Et war eng turbulent Ufanksphas zu Osasuna. Real ass no 12 Minutten a Féierung gaangen ma direkt nom Upëff huet den Budimir d’Heemekipp nees erubruecht. Kuerz virum Pausentéi dunn war et den Asensio, deen de Favorit nees an d’Spuer bruecht huet. De Benzema hat dann direkt zwee Mol d’Chance, vum Eelefmeterpunkt d’Féierung auszebauen, ma innerhalb vu 7 Minutten, an der 52. an an der 59., hat den Herrera am Gol vun Osasuna déi besser Nerven an huet seng Ekipp am Match gehalen. Dowéinst war och hei nach laang alles dran, bis de Vazquez an der 96. Minutt den Ecart op 2 Goler eropgeschraft a fir d’Entscheedung gesuergt huet. No dëser Victoire ass d’Meeschterschaft fir Real nach just Formsaach. Aktuell hu si zwar 17 Punkten Avance op Atlético, bei nach just 15 Punkten ze huelen, ma Barcelona huet nach 2 Matcher manner a “just” 18 Punkte Réckstand, bei nach méiglechen 21 fir si.
LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga
FC Lorient - FC Metz 1:0
1:0 Ouattara (90'+4)

Nees kee Punkt fir den FC Metz géint en direkten Géigner am Ofstig. Dobäi hat et gutt fir déi Metzer ugefaangen, well no 16 Minutten hu si e Gol vum Lamkel Ze gefeiert. Ma de VAR huet dësen Treffer wéinst engem Foulspill annuléiert. Chance waren an dëser Partie éischter rar a wann, dann hat Metz se virun der Paus a Lorient so nom Säitewiessel. Et huet awer bis an déi 94. Minutt gedauert, bis e Gol gefall war. Et war den Ouattara, dee Minutte virdrun agewiesselt gouf, dee fir d’Heemekipp markéiere konnt. No Iwwerpréiwung um Monitor huet den Arbitter de Gol confirméiert e kuerz drop och ofgepaff. Lorient mécht mat dëser Victoire e bësse Buedem op d’Ofstigsplaze gutt a bei Metz muss an de leschte Spilldeeg alles klappen, fir datt si den Ofstig nach verhënnere kënnen.
Detailer zum Match vum FC Metz bei eise Kolleege vu 5MinutesOlympique Marseille - FC Nantes 3:2
0:1 Girotto (26'), 1:1 Payet (29'), 1:2 Coco (41'), 2:2 Payet (55'), 3:2 Harit (75')

Den Tabellenzéngten aus Nantes huet dem Tabellenzweeten aus Marseille alles ofverlaangt. Direkt zwee Mol waren d’Gäscht an dësem Match a Féierung gaangen, ma mat enger staarker zweeter Hallschent konnt sech Marseille zum Schluss duerchsetzen, dat och, duerch direkt zwee Goler vum Payet a wéinst enger gudder Parat vum Lopez, deen an der 80. Minutt dem Coco säin zweete Gol an dëser Partie verhënnere konnt.
SCO Angers - Paris SG 0:3
0:1 Mbappé (28'), 0:2 Ramos (45'+1), 0:3 Marquinhos (77')

D’Victoire vu Marseille bedeit fir de PSG, datt si dës Mëttwoch nach net Champion konnte ginn. Dobäi hu si bei Angers bal alles richteg gemaach an de Match kloer mat 3:0, no Goler vun Mbappé, Ramos a Marquinhos, gewonnen. Angers huet ze wéineg fir de Match gemaach an hat eng Chance, fir den Tëschenzäitlechen 1:1 leie gelooss. An der Tabelle huet de PSG elo 15 Punkten Avance op Marseille an hinne geet 1 Punkt an engem vun de leschte 5 Matcher duer, fir de Championstitel ze feieren. Angers behält 3 Punkten Avance op d’Relegatiounsplaz.