Den Iwwerbléck vum internationale FuttballLeipzig bleift Bayern-Verfollger Nummer 1

RTL Lëtzebuerg
Arsenal gewënnt de London-Derby géint Tottenham kloer. St. Puali muss sech no 8 Néierlagen um Stéck op schwiereg Zäiten astellen.
© AFP

Bundesliga

Leipzig - Bremen 2:0
1:0 Quédraogo (63'), 2:0 Schlager (80')

Leipzig hat an der éischter Hallschent méi vum Match an och déi besser Golchancen, mee Bremen huet clever verteidegt an d’Null gehalen. Déi sollt awer an der 63. Minutt falen, wéi dem Quédraogo matzen am Bremer Stuermlaf e schéine Gol aus 18 Meter gelongen ass. Dat huet Bremen awer net dovun ofgehalen, weider no vir ze spillen. D’Gäscht kruten de Ball an der 72. Minutt zwar am Leipziger Gol ënnerbruecht, mee de VAR huet op Abseits entscheet. Nom zweete Gol vun de Stéieren war den Deckel drop. Fir Bremen ass et déi éischt Néierlag no fënnef Matcher ouni Punktverloscht. Leipzig avancéiert nees zum Bayern-Verfollger Nummer 1.

St. Pauli - Union Berlin 0:1
0:1 Khedira (44')

St. Pauli pecht am Moment d’Ongléck um Schong. Et war nämlech déi 8 Néierlag um Stéck fir d’Ekipp vum Danel Sinani - en neien Negativrekord an der Veräinsgeschicht. D’Hamburger bleiwen trotzdeem op der Relegatiounsplaz.

Bis bei de Gol war et eigentlech en ausgeglache Match tëscht béiden Ekippe mat wéineg Golchancen, mee kuerz virun der Paus huet Union Berlin d’Féierung erzwongen. St. Pauli hat bis dohin net eng eenzeg Kéier op de géigneresche Gol geschoss. Dat sollt eréischt an der 60. Minutt geschéien. De Sinani gouf an der 64. Minutt agewiesselt a konnt e puer geféierlech Akzenter setzen, mee fir den Ausgläich sollt et net duergoen.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Premier League

Arsenal - Tottenham 4:1
1:0 Trossard (36'), 2:0 Eze (41'), 3:0 Eze (46'), 3:1 Richarlison (55'), 4:1 Eze (76')

Arsenal huet den 177. North-London-Derby gewonnen a seng Statistik domat op 74 Victoirë géint Tottenham ausgebaut. Den Tabelleleader war de Spurs an alle Situatiounen iwwerleeën, huet just laang gebraucht, fir aus senge Chancë Kapital ze schloen. Tottenham huet sech hannen era gestallt, dat Bollwierk gouf awer no 36 Minutte geknackt - woumat de Knuet geplatzt war. Et hat geschéngt, wéi wann d’Mass nom drëtten Arsenal-Gol gelies gewiescht wier, mee aus dem Näischt koum Tottenham zum Éieregol. Dat huet awer näischt un der Victoire fir d’Gunners geännert, well kuerz drop den Eze mat sengem drëtte Gol den ale Virsprong nees hiergestallt huet.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Serie A

Cremonese - AS Roum 1:3
0:1 Soule (17'), 0:2 Ferguson (64'), 0:3 Wesley (69'), 1:3 Folino (90'+3)

Mat der 9. Victoire am 12. Match bleift d’AS Roum weider ganz uewen drun. Wann Inter Mailand de Spëtzematch géint den AC Mailand net gewanne sollt, ass d’Roma neien Tabelleleader.

Lazio Roum - Lecce 2:0
1:0 Guendouzi (29'), 2:0 Noslin (90'+5)

An der Owespartie sti sech am Derby della Madonnina Inter Mailand an den AC Mailand géintiwwer.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

Ligue 1

Auxerre - Lyon 0:0

Brest - Metz 3:2
1:0 Mboup (2'), 1:1 Tsitaishvili (6'), 2:1 Doumbia (48'), 2:2 Coulibaly (79', Eegegol), 3:2 del Castillo (90'+10, Eelefmeter)

D’Serie vu Metz ass am Kellerduell géint Brest gerass. No dräi Victoirë mussen d’Grenats nees eng Néierlag astiechen, déi immens wéideet. Brest ass mat dësen 3 Punkten nees laanscht Metz gezunn an d’Ekipp aus Loutrengen steet nees op enger Ofstigsplaz. An der Schlussphas krut Brest zwee Eelefmeter zougesprach. Den éischte krut den del Castillo net verwandelt, mee den zweeten, wäit an der Nospillzäit, konnt hien erasetzen.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

La Liga

Getafe - Atlético Madrid 0:1
0:1 Duarte (82', Eegegol)

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO