BundesligaLeipzig klappt Dortmund a Bayern gewënnt géint Freiburg

RTL Lëtzebuerg
Mat 1:2 muss sech Freiburg zu München geschloe ginn a verléiert den 1. Match an dëser Saison. Leipzig wënnt am Spëtzematch mat 2:1 géint Dortmund.
© AFP

Nieft der Bundesliga gouf och an deenen aneren europäesche Lige gespillt. City klappt United a Juventus Turin ka sech a leschter Sekonn géint Florenz duerchsetzen. Den Detail fannt dir hei.

Am Spëtzematch tëscht dem 1. an der Tabell Bayern München an dem Drëtte Freiburg hat den Höler an der 12. Minutt d’Chance, op d’Féierung fir d’Gäscht ze schéissen, huet de Ball awer fräistoend laanscht de Potto gesat. Sou war et dunn de Goretzka, deen no Viraarbecht vum Müller Bayern a Féierung geschoss huet. 15 Minutte virun Enn huet de Lewandowski mam 2:0 du fir d’Virentscheedung gesuergt. Freiburg war beméit, huet sech net opginn, mä d’Prezisioun huet an den Offensivaktioune gefeelt, sou dass si sech trotz Uschlossgol an der Nospillzäit (1:2 Haberer 90+2') um Enn mat 1:2 musse geschloe ginn, a verléiert fir eng éischte Kéier an dëser Saison.

Eng Victoire gouf et och fir de VFL Wolfsburg. D’Wölfe kënne sech doheem mat 1:0 (Nmecha, 14') géint Augsburg behaapten a bleiwen domat weider ongeschloen, zanterdeem de Florian Kohfeld den Trainerposten an der VW Stad iwwerholl huet.

Bochum huet iwwerdeems TSG Hoffenheim mat 2:0 (1:0 Novothny 66', 2:0 Pantovic 90+7') geklappt. Kuriéis gouf et an der 75. Minutt. Bochum krut en Eelefmeter zougesprach, an et war de Golkipp vun de Bochumer, deen ugetrueden ass, säi Schoss ass allerdéngs e gutt Stéck iwwert de Gol gaangen. An der Nospillzäit huet de Pantovic mat engem Gol iwwer 50 Meter fir 2:0 Schlussresultat gesuergt.

Bielefeld ka sech no 3 Aluminiumtreffer an der 2. Hallschent um Enn dach nach mat 1:0 zu Stuttgart (1:0 Okugawa 19') behaapten a feiert immens wichteg 3 Punkten.

E Samschdeg den Owend stoung dann nach am Topmatch Leipzig a Dortmund géigeniwwer. Bullen kenne sech no enger intensiver Schlussphase verdéngt mat 2:1 duerchsetzen. Virun allem an der 1. Hallschent war Leipzig déi besser Ekipp, hat Dortmund am Greff an hätt esou guer nach méi héich wéi 1:0 kéinte féieren. Ënnert dem Impuls vum staarken Nkunku ass RB ëmmer erëm geféierlech virum Kobel opgedaucht. Nom Uschloss vum Reus huet de Poulsen mam 2:1 fir d’Entscheedung gesuergt.

D’Statistike vun de Matcher

Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.

D’Klickt op de Match, fir d’Statistiken ze gesinn.

D’Tabell vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO