Internationale FuttballBurnley iwerrascht Chelsea, Barcelona ka wéider net gewannen

RTL Lëtzebuerg
Barcelona louch an der Hallschent 3:0 vir, muss sech awer um Enn mat 1. Punkt zefridde ginn. Iwwerdeems huet City am Derby United mat 2:0 geklappt.
© AFP

Iwwerdeems hunn d’Lëtzebuerger Futtballer am Ausland fir Ënnerhalung gesuergt. Den Detail fannt Dir hei. An och an der däitscher Bundesliga gouf gespillt. Ënnert anerem huet Freiburg géint Bayern fir eng éischte Kéier an dëser Saison verluer.

Premier League

Manchester United - Manchester City 0:2
0:1 Bailly (Selbstgol, 7'), 0:2 Silva (45')

Manchester United ass schlecht an de Match gestart, huet de Bailly an der 7. Minutt de Ball an den eegene Gol gelenkt. An der Suite war City méi méi aktiv a sou hu si virun der Hallschent de Score nach op 2:0 an d’Luucht geschrauft. Ronaldo a Co. konnte sech virun allem beim de Gea bedanken, dass si net nach méi héich a Réckstand louchen. Déi zweeten Hallschent sollt näischt méi um Resultat änneren, sou dass United an der Tabell elo 6 Punkten hannert de Sky-Blues läit.

FC Chelsea - FC Burnley 1:1
1:0 Havertz (33'), 1:1 Vydra (80')

Laang huet et dono ausgesinn, wéi wann Chelsea mat 1:0 d’Iwwerhand géif behalen, éier an der 79. Minutt de Vydra den Ausgläich fir de Underdog vu Burnley geschoss huet. Chelsea hat eng sëlleg Unzuel u Chancen, konnt awer ausser dem Havertz sengem Gol soss keng dovun am Filet ënnerbréngen, sou dass Burnley tatsächlech 1 Punkt aus London mat heem hëlt.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Serie A

Juventus Turin - AC Florenz 1:0
1:0 Guadrado (90+1')

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

Ligue 1

OSC Lille - SCO Angers 1:1
1:0 Djalo (27'), 1:1 Ounahi (83')

Lille kënnt weider net richteg a Form a muss och géint Angers Punkte leie loossen. Domat bleift den aktuelle Champion am Mëttelfeld vun der Ligue 1 stiechen.

Bordeaux - PSG 2:3
0:1 Neymar (26'), 0:2 Neymar (43'), 0:3 Mbappé (63'), 1:2 Elis (78'), 2:2 Niang (90+2')

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

La Liga

Celta Vigo - FC Barcelona 3:3
0:1 Fati (5'), 0:2 Busquets (18'), 0:3 Depay (34'), 1:3 Aspas (52'), 2:3 Nolito (74'), 3:3 Aspas (90+6')

Obwuel Barcelona an der Hallschent iwwerleeë mat 3:0 a Féierung louch, kréie Katalanen an der 6 Minutt vun der Nospillzäit nach den 3:3 geschoss a mussen domat e weidere Réckschlag hinhuelen.

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO