
Duerch déi drëtt Néierlag noeneen verléiert Leipzig am Kampf ëm d’Champions-League-Plaze weider u Buedem. De Vizechampion huet sech am Freidesmatch an der Bundesliga bei Union Berlin net onverdéngt misse mat 1:2 (1:1) geschloe ginn. De Réckstand vu Leipzig op Berlin, déi an der provisorescher Tabell op Plaz véier stinn, läit elo scho bei fënnef Punkten.
De Stiermer Taiwo Awoniyi hat Union mat sengem sechste Gol an dëser Saison (6') a Féierung bruecht. Nëmme siwe Minutte méi spéit war dem Christopher Nkunku mat der Hëllef vum Union-Golkipp Andreas Luthe den 1:1-Ausgläich gelongen. De Verteideger Timo Baumgart huet an der 57. Minutt mam 2:1 fir d’Schlussresultat gesuergt.