BundesligaLeipzig wënnt kloer mat 4:0 géint Stuttgart

RTL Lëtzebuerg
E Freideg den Owend war den Optakt vum zweete Spilldag an der däitscher Bundesliga am Futtball.
© AFP

Hei konnt Leipzig sech kloer an däitlech mat 4:0 géint Stuttgart duerchsetzen. Um éischte Spilldag hat RB jo nach mat 0:1 géint Mainz verluer, e Samschdeg hu si sech dunn de Frust vun der Séil geschoss. Virun allem wousst den 20 Joer ale Szoboszlai wousst ze iwwerzeege mat 2 perséinleche Goler. Déi weider Goler hunn de Forsberg an de Silva markéiert.

Back to Top
CIM LOGO