
Nodeem d’Majoritéit vun de Matcher an der Bundesliga an an den aneren europäesche Ligen e Samschdeg gespillt gouf, war et e Sonndeg d’Suitte vun den aktuelle Spilldeeg.
SC Freiburg - TSG Hoffenheim 2:1
1:0 Eggestein (5'), 1:1 Stiller (49'), 2:1 Ritsu Doan (89')
Scho fréi huet d’Heemekipp duerch e Gol vum Eggestein den Toun an dëser Partie wollte setzen. Dëst sollt awer fir béid Ekippen den eenzeg wierklech geféierleche Schoss op de Gol an den éischte 45 Minutte sinn, esou datt och beim Stand vun 1:0 d’Säite gewiesselt goufen. Nach méi séier wéi Freiburg an der éischter Hallschent konnt Hoffenheim nom Téi ausgläichen. An der 49. Minutt hat den Stiller sech duerchgesat an den Ausgläich geschoss. De Kabak vun Hoffenheim huet an der 85. Minutt seng zweet giel Kaart kritt an huet domadder méi fréi dierften an d’Dusch. Déi Iwwerzuel huet Freiburg kuerz drop ausgenotzt, wéi den Ritsu Doan eng Flank notze konnt, fir den 2:1 ze markéieren.
Werder Bremen - Bayer Leverkusen2:3
1:0 Ducksch (30'), 1:1 Bakker (34'), 1:2 Frimpong (56'), 1:3 Hlozek (83'), 2:3 Füllkrug (86',p)
Et war eng animéiert Partie tëscht Bremen a Leverkusen, wou schonn an den éischte Minutten op béide Säite e Gol hätt kéinte falen. An der 30. Minutt huet den Ducksch du seng drëtte Chance an dësem Match genotzt an no Virlag vum Füllkrug den 1:0 geschoss. Ma d’Féierung sollt just 4 Minutten halen, well dunn hat d’Defense vu Werder de Bakker iwwersinn, deen den Ausgläich geschoss huet. Mam 1:1 goung et dunn an d’Paus. Kuerz no der Paus huet de Frimpong e bësse Gléck gehat, well säi Schoss gouf ofgefälscht an huet dowéinst dem Golkipp keng Chance gehat, Leverkuse war 2:1 vir. Den Hlozek huet dësen Avantage an der 83. Minutt nach ausgebaut. Den Eelefmeter wéinst Händs huet den Füllkrug dunn 3 Minutte méi spéit erageschoss, ma Werder sollt net zu nach engem Gol kommen. Esou datt Leverkusen déi dräi Punkte mat heem hëlt.
VFL Wolfsburg - 1. FC Union Berlin1:1
0:1 Juranovic (72',p), 1:1 Wimmer (84')
Fir Berlin geet et aktuell, fir ëm d’Qualifikatioun vun der Champions League e Wuert matzeschwätzen a Wolfsburg brauch Punkten, fir un der Europa respektiv Conference League drunzebleiwen. Laang huet een an dëser Partie missten op Goler waarden, bis den Arbitter no engem Foul am Wolfsburger Strofraum op Eelefmeter fir Berlin entscheet huet. Déi Chance huet sech de Juranovic net huele gelooss an d’Gäscht a Féierung bruecht. D’Freed huet awer net laang gedauert, well 12 Minutte méi spéit huet de Wimmer aus der Distanz dropgehalen an de Ball an d’Netz bruecht. Béid Ekippen haten an de leschte Minutten nach d’Chance, a Féierung ze goen, ma de Berliner Golkipp hat déi eng Kéier opgepasst an den Knoche hat bei der Berliner Chance de Ball net richteg getraff. Esou ass et beim 1:1 an dëser Partie bliwwen.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
FC Fulham - FC Arsenal 0:3
0:1 Gabriel (21'), 0:2 Martinelli (26'), 0:3 Odegaard (45'+2)
De Leader Arsenal huet beim Aachte Fulham dominéiert. Wärend no 16 Minutten den éischte Gol vum VAR wéinst Abseits oferkannt gouf, konnten den Gabriel, Martinelli a Odegaard d’Gäscht nach virun der Paus mat 3:0 a Féierung bréngen. Nom Säitewiessel sollten awer keng Goler méi falen, esou datt Arsenal duerch eng staark éischt Hallschent kloer mat 3:0 bei Fulham wënnt.
Manchester United - FC Southampton 0:0
Den aktuell Drëtten aus Manchester huet sech doheem schwéier géint de leschten aus Southampton gedoen. D’Situatioun ass no 34 Minutten net besser ginn, wéi de Casemiro wéinst engem Foul direkt déi rout Kaart gesinn huet. Southampton sollt awer net vun der Iwwerzuel konnte profitéieren, obwuel si vun deem Moment u méi vum Match a méi Golchancen haten, ma och Manchester United huet kee Gol fäerdegbruecht. Esou geet dëse Match mat engem 0:0 op en Enn, dee keng vu béiden Ekippen an hirer aktueller Tabellesituatioun wierklech weiderbréngt.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
AS Roum - Sassuolo Calcio 3:4
0:1 Lauriente (13'), 0:2 Lauriente (18'), 1:2 Zalewski (26'), 1:3 Berardi (45'+4,p), 2:3 Dybala (51'), 2:4 Pinamonti (75'), 3:4 Wijnaldum (95'+4)
Virum Match war et wuel eng kloer Saach. De fënneften aus Roum misst den 12. Sassuolo Calcio klappen. Ma dëst sollt guer net esou einfach sinn. Well Sassuolo koum gutt an de Match an de Lauriente huet bannent 5 Minutten den 1:0 an 2:0 fir d’Gäscht geschoss. Kuerz drop, no 26 Minutten, huet den Zalewski den Uschlosstreffer markéiert. Mat just engem Gol Retard an nach vill Zäit op der Auer huet et fir d’Réimer méiglech gewierkt, de Match ze dréinen, bis de Kumbulla an der Nospillzäit wéinst onsportlechem Verhale vum Terrain gesat gouf an den Arbitter op Eelefmeter decidéiert huet. Dat Ganzt nodeem hie sech d’Zeen vum VAR ugekuckt hat. De Berardi huet dës Chance genotzt an nach virun der Paus op 3:1 erhéicht.
Kuerz no der Paus war d’Hoffnung fir den AS Roum nees do, wéi den Dybala si nees op ee Gol erubruecht huet. Ma mat engem Mann manner gouf dëse Match fir si net méi einfach, grad nodeem de Pinamonti no 75 Minutten nees den alen Ecart vun 2 Goler hiergestallt huet. D’Réimer hu sech awer net opginn an an der 95. Minutt huet de Wihnaldum si nees op ee Gol bäibruecht. Et sollt awer dobäi bleiwen, esou datt d’Gäscht knapp awer verdéngt auswäert wannen.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Clermont Foot - RC Lens 0:4
0:1 Openda (31'), 0:2 Openda (34'), 0:3 Openda (35'), 04: Claude-Maurice (76')
Wéi den Drëtten aus Lens bei den Eeleften Clermont Foot gereest ass, stoung eng Persoun am Mëttelpunkt vun dëser Partie. De Loîs Openda huet en Hattrick innerhalb vu 4 Minutte geschoss a beim véierte Gol vun der Partie hat hien och säi Fouss am Spill. Esou wënnt Lens kloer 4:0 auswäerts a bleift um zweete Marseille drun.
AS Monaco - Stade Reims 0:1
0:1 Balogun (51')
An der éischter Hallschent war wéineg passéiert an esou ass de Gäscht aus Reims ee Gol an der 51. Minutt duerch den Balogun duergaangen, fir dës dach zimmlech ausgeglache Partie ze gewannen. An der Tabell verléiert Monaco domadder e bësse Loft op d’Plazen 2 an 3 , also Marseille a Lens, déi béid virun hinne stinn. Reims dogéint hält d’Chance op eng Qualifikatioun op eng Conference-League-Plaz um Liewen.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
RCD Mallorca - Real Sociedad 1:1
0:1 Fernandez (3'), 1:1 Lee Kang-In (50')
Real Sociedad kämpft ëm d’Champions-Leage-Plazen, ma den 1:1 géint den 10. aus Mallorca mécht d’Situatioun net e bësse méi komplizéiert. An dobäi ware si no 3 Minutte schonn duerch de Fernandes 1:0 a Féierung gaangen. Ma si sollte selwer kee Gol méi markéieren an esou ass den Treffer vum Lee Kang-In an der 50. Minutt duergaangen, fir datt Mallorca nach ee Punkt doheem hale konnt.
FC Villarreal - Betis Sevilla 1:1
0:1 Iglesias (38'), 1:1 Pino (55')
Am Duell 5. (Betis) géint 6. (Sevilla) goung geet et ëm déi méiglech Qualifikatioun fir d’Europa oder d’Conference League. Betis war no 38 Minutten a Féierung gaangen an Villarreal konnt kuerz no der Paus ausgläichen. Obwuel d’Heemekipp de ganze Match iwwer méi Ballbesëtz an och däitlech méi Ofschlëss hat, ass et beim 1:1 bliwwen, esou dat och an der Tabell alles beim ale bleift.