
Nom éischten Frëndschaftslännermatch géint d’Färöer Inselen e Mëttwoch, dee mat 5:5 op en Enn gaange war, stoungen d’Lëtzebuerger Dammen e Samschdeg eng weider Kéier der selwechter Ekipp géigeniwwer. Um Terrain zu Housen hu si sech virun 312 Spectateuren duerch e Gol an der Nospillzäit mat 2:1 duerchgesat.
No enger ausgeglachener Ufanksphas war et an der 30. Minutt d’Heidi Sevdal, dat d’Gäscht vun de Färöer Inselen mat 1:0 a Féierung brénge konnt. Mat engem Schoss an de Wénkel war fir d’Lucie Schlimé am Gol näischt ze maachen. D’Rout Léiwinnen hunn doropshi wollten eng Reaktioun weisen, wat knapps virun der Paus och bal gelongen ass. D’Amy Thompson hat hei fräie Wee op de Gol, konnt am leschte Moment awer nach gestéiert ginn.
Méi Gléck virum Gol hat d’Amy Thompson dann awer nëmme véier Minutten nom Säitewiessel a sou stoung et an der 49. Minutt 1:1. Am weidere Spillverlaf war d’Partie weider oppe mat Chancen op béide Säiten. Déi bescht Chance gouf et fir déi Lëtzebuerger Ekipp, ma de Ball ass hei nëmmen op de Potto gaangen. Fënnef Minutten Nospillzäit goufen no 90 Minutten ugewisen an dat hunn d’Rout Léiwinnen dann och fir sech genotzt. Mat engem Schoss an de laangen Eck huet d’Laura Miller de Match entscheet an domat d’Victoire fir Lëtzebuerg geséchert.