DammefuttballLëtzebuerg dréint de Match géint Nordmazedonien

RTL Lëtzebuerg
D'Damme vum Dan Santos gewannen domadder hiren drëtte Match an dëser Qualifikatioun fir d'Weltmeeschterschaft.

Resumé Lëtzebuerg-Nordmazedonien / Reportage Serge Olmo

Et war net dee Start, dee sech déi Rout Léiwinnen erwaart haten. Mat der éischter Chance am Match konnt d’Rochi d’Ekipp aus Nordmazedonien a Féierung bréngen, dat schonn an der 1. Minutt.

Lëtzebuerg-Nordmazedonien: 0:1 Rochi (1')
Quasi mam Upëff sinn d’Gäscht a Féierung gaangen.

Iwwerhaapt waren d’Gäscht an den éischte 25 Minutten déi däitlech iwwerleeën Ekipp. Ma mat der éischter richteger Chance vun de Lëtzebuergerinnen hunn och si hire Gol markéiert, dat an der 28. Minutt duerch d’Thompson.

Lëtzebuerg-Nordmazedonien: 1:1 Thompson (28')
No enger knapper hallwer Stonn konnt Lëtzebuerg den Ausgläich markéieren.

An d’Thompson hat nach net genuch, well kuerz virun der Paus huet si den 2:1 fir Lëtzebuerg markéiert an domadder de Match emol virleefeg gedréint.

Lëtzebuerg-Nordmazedonien: 2:1 Thompson (45'+1)
Nach virun der Paus hunn déi Rout Léiwinnen de Match gedréint.

An der zweeter Hallschent hate béid Ekippen nach déi eng oder aner Chancen, ma huet entweeder d’Präzisioun gefeelt, an de Ball goung laascht de Gol, oder déi zwou Golkipperinne waren um Posten. Esou wannen déi Rout Léiwinnen eng zweete Kéier géint Nordmazedonien. D’Gäscht haten zwar däitlech méi Ofschlëss, mä d’Lëtzebuergerinnen hunn einfach méi aus hire Chancë gemaach, de Match 2:1 gewonnen a sech esou déi 3 Punkten erkämpft.

© Screenshot

D’Resultater vun de Lëtzebuergerinnen am Grupp D

Nordirland – Lëtzebuerg 4:0
Lëtzebuerg – England 0:10
Éisträich – Lëtzebuerg 5:0
Nordmazedonien – Lëtzebuerg 2:3
Lëtzebuerg – Éisträich 0:8
Lëtzebuerg – Lettland 3:2
Lëtzebuerg - Nordmazedonien 2:1

D’Tabell vum Grupp D

1. England 21 Punkten (7 Matcher)
2. Éisträich 16 Punkten (7 Matcher)
3. Nordirland 13 Punkten (7 Matcher)
4. Lëtzebuerg 9 Punkten (7 Matcher)
5. Nordmazedonien 3 Punkten (8 Matcher)
6. Lettland 0 Punkten (6 Matcher)

LINK: Kuckt nach eng Kéier de ganze Match am Replay op RTL Play

Back to Top
CIM LOGO