Dammefuttball: WM-QualifikatiounLëtzebuerg ënnerläit England virun 30.000 Spectateuren

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg den Owend gouf et fir d'Rout Léiwinnen trotz enger 0:10-Defaite zum Ofschloss nach eng Kéier e richtegen Héichpunkt viru vollem Haus zu Stoke.
© AFP

England - Lëtzebuerg: De Resumé vum Serge Olmo

Am leschte Match vun der Qualifikatioun fir d’WM 2023 an Australien an Neiséiland huet sech Lëtzebuerg misse mat 0:10 géint den aktuellen Europameeschter England geschloe ginn. Domat schléisst d’Ekipp vum Dan Santos de Grupp D um Enn mat néng Punkten op enger staarker véierter Plaz virun Nordmazedonien a Lettland of.

Virun der Partie waren d’Rollen am englesche Stoke natierlech kloer verdeelt. D’Three Lionesses, déi sech mat engem Golverhältnis vu 70:0 an 30 Punkten aus 10 Matcher scho fir d’WM 2023 qualifizéiere konnten, hu sech och am leschte Match net vill huele gelooss an de Spillverlaf vun der éischter Minutt un dominéiert. Duerch d’Goler vum Stanway (2), Russo, Daly a Mead ass et no 45 Minutte mat enger 5:0-Féierung fir d’Englännerinnen an d’Paus gaangen. Am zweeten Duerchgang hu si am Numm vum England (2), Parris, Toone an Hemp weider erhéicht a wannen d’Partie wéi och schonn am Allersmatch mat 10:0.

Fir d’Rout Léiwinne steet duerch déi zwou Victoirë géint Nordmazedonien an dem Erfolleg géint Lettland um Enn vun der WM-Qualifikatioun néng Punkten an domat déi véiert Plaz am Grupp D fest. Fir England geet et dogéint als souveräne Gewënner vum Grupp am nächste Joer op d’WM, déi an Australien an Neiséiland ausgedroe gëtt.

Back to Top
CIM LOGO