Liichtathletik: Team-EMLëtzebuerg fält an déi 3. Divisioun

RTL Lëtzebuerg
2021 war de Lëtzebuerger Liichtathleeten den Opstig an déi 2. Divisioun gegléckt.
© FLA

Dräi Deeg laang hunn d’Lëtzebuerger Liichtathleeten zu Krakau a Polen bei der Team-EM ëm all Punkt gekämpft. Um Enn konnte si den Ofstig an déi 3. Divisioun awer net verhënneren. Mat 198 Punkten ass een zweetleschte ginn.

Wärend den dräi Deeg Kompetitioun gouf et esou munch perséinlech Beschtleeschtungen. Erausgestach hunn dräi Lëtzebuerger Rekorder. D’Patrizia Van der Weken huet hiren eegene Lëtzebuerger Rekord iwwer 200 Meter kloer verbessert. Hire Chrono steet elo bei 23,19 Sekonnen, wat enger Verbesserung vu 75 Honnertstel bedeit huet.

Donieft sinn nach zwee national Rekorder an de Staffelen opgestallt ginn. An der 4x400 Meter Mixed-Staffel sinn den Olivier Juncker, d’Fanny Arendt, de Philippe Hilger an d’Charline Mathias eng Zäit vun 3 Minutten, 29 Sekonnen a 34 Honnertstel gelaf. Domadder si si ënnert der Minimalzäit vun der FLA bliwwen, déi bei 3 Minutten a 34 Sekonne louch, fir iwwerhaapt en éischte Rekord iwwert déi Distanz opzestellen.

De François Grailet, de Pol Bidaine, den Olivier Boussong an den David Wallig hunn dann nach iwwer 4x100 Meter mat 40 an 98 Honnertstel een neien nationale Rekord opgestallt. Mat där Zäit ass een 30 Honnertstel ënnert dem ale Rekord aus dem Joer 2019 bliwwen.

Back to Top
CIM LOGO