D’US-Amerikanerin Judy Bonham ass am Western Reiden an den USA eng Gréisst. Viru kuerzem huet si souguer hir Plaz an der Hall of Fame kritt. D’Team Lëtzebuerg huet di grouss Chance, dass d’Judy Bonham d’Ekipp am Texas wëllt als offizielle Coach betreien. A si ass extra op Lëtzebuerg komm fir e speziellen Training, deen zu Mompech ofgehale gouf. Si ass bescheide wat hir Aufgab ugeet.
Am Western Reide ginn et vill Disziplinnen. Et gëtt och Disziplinnen, wou et drëm geet, dass een harmonesch mam Päerd an ouni Zwang Beweegungen a Circuiten ausféiert.
D’Reiderin muss d’Impulser, déi se dem Päerd gëtt, am Schlof beherrschen, ëmsou méi well een am Texas net seng eege Päerd reit.
D’Judy Bonham weess natierlech, dass ee Reider a Päerd net an e puer Stonne ka vu Grond op änneren. Mee et kann ee Guidance ginn, déi d’Richtung uweist.
Fir d’Meedercher war et eng gutt Geleeënheet, fir sech mam Stress ze familiariséieren, dee forcement op dem World Youth Cup opkënnt.