U17-EM-QualifikatiounLëtzebuerg klappt England sensationell mat 2:0

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg den Owend huet d'Lëtzebuerger U17-Futtballnationalekipp hiren 2. a leschte Match an der Qualifikatiounsronn fir d'EM an Israel gespillt.
U17-EM-Qualifikatioun
D’Goler vu Lëtzebuerg.

An der éischter Hallschent goung et vill hin an hier. England hat zwar een Tick méi de Ball, mee déi jonk Rout Léiwen hu gutt dogéintgehalen a konnte sech genau sou wéi d’Englänner, déi eng oder aner gutt Golchance erausspillen. No ronn enger hallwer Stonn krut Lëtzebuerg een Eelefmeter fir sech gepaff. Dësen huet den Tim Flick an der 31. Minutt zum 1:0 eragesat.

U17-Futtballnationalekipp/Reportage Rich Simon

Kuerz no der Paus huet sech den Thomas Souchard am Dribbling géint déi ganz englesch Ofwier duerchgesat, huet dem True Grant am Gol vun den Englänner keng Chance gelooss a konnt soumat op 2:0 erhéijen. Zwou Tätlechkeeten an der Schlussphas hunn dunn dozou gefouert, datt d’Englänner um Schluss just nach zu 9 waren.

Eng sensationell Victoire, déi opgrond vun der kämpferesch a spilleresch staarker Leeschtung vun de Lëtzebuerger absolut verdéngt ass.

U17-EM-Qualifikatioun: England - Lëtzebuerg 0:2
En Dënschdeg den Owend huet d’Lëtzebuerger U17-Futtballnationalekipp hiren 2. a leschte Match an der Qualifikatiounsronn fir d’EM an Israel gespillt.

Den 2:0 Succès vum Mario Mutsch senge Spiller ass iwwer déi 90 Minutte komplett an d’Rei gaangen.

Si hu probéiert, dat ëmzesetzen, wat mir wollten. An dee Plang ass opgaangen. Ech si frou an och stolz op si. Ech soen, dat net oft awer d’Jonge kënne stolz op sech sinn. Ech sinn een Trainer, deen exigent ass, deen och vill fuerdert. Et ass net einfach, fir 7 Deeg am Hotel zesummen ze sinn. Si hu réischt 16 Joer, et sinn nach Bouwen. Um Endeffekt awer Respekt u si, wéi si dat gemaach hunn.

Duerch dee Succès, hunn d’Lëtzebuerger U17 Spiller realistesch Chancen op der Europameeschterschaft an Israel mat dobäi ze sinn. Dat hänkt awer nach vun deene Matcher of, déi an den nächsten Deeg an deenen anere Gruppe gespillt ginn.

Back to Top
CIM LOGO