RugbyLëtzebuerg klappt Slowenien 86:7

RTL Lëtzebuerg
An der Europe Rugby Conference, engem regionalen Turnéier fir opstriewend Länner, konnt sech Lëtzebuerg souverän behaapten.
Lëtzebuerg klappt Slowenien 84:7
Am leschte Match vun der Europe Rugby Conference huet sech Lëtzebuerg souverän duerchgesat a spillt elo ëm den Opstig.

Am sechste Match vun der Europe Rugby Conference hunn d’Rout Léiwen am Stade de Luxembourg 86:7 géint Slowenien gewonnen a steet domat weiderhin ongeschloen un der Tabellespëtzt vun der Grupp B. D’Ekipp vum Nationaltrainer Alexandre Benedetti huet sech mat dëser Victoire fir d’Playoffe qualifizéiert an huet d’Chance, an eng méi héich Liga ze klammen.

An engem faire Match, wou et keng Penaltye gouf, wat d’Iwwerleeënheet vun de Lëtzebuerger ënner Beweis stellt, huet Lëtzebuerg 14 Tries realiséiert. Slowenien par conter huet just duerch een Try kënne punkten.

© RTL / Helder Loureiro Alves

Back to Top
CIM LOGO