Liichtathletik: Team-EM - Dag 1Lëtzebuerg läit an der Divisioun 2 op der leschter Plaz

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg war den Optakt vun der Team-Europameeschterschaft an der Liichtathletik a Polen.
Trotz der 1. Plaz vum Patrizia van der Weken läit Lëtzebuerg op der leschter Plaz.
Trotz der 1. Plaz vum Patrizia van der Weken läit Lëtzebuerg op der leschter Plaz.

Déi Lëtzebuerger Delegatioun geet hei an der 2. Divisioun un den Depart an hofft, sech an där halen ze kënnen. Nom éischten Dag leie si hei allerdéngs op der leschter Plaz. Eng éischt Plaz bréngt der Ekipp 16 Punkten, pro Plaz méi schlecht gëtt et och ee Punkt manner.

En Dënschdeg waren d’Stéphanie Krumlovsky, d’Isabeau Pleimling, d’Fanny Arendt, de Louis Muller, de Philippe Hilger, d’Saskia Daguenet, de Joe Seil, de Mathis Espagnet, de Gil Weicherding, de Pol Bidaine an d’Patrizia van der Weken am Asaz. D’Lëtzebuerger Sportler hunn dobäi 59 Punkte gesammelt a leien no 12 vu 37 Disziplinnen op der leschter Plaz.

Nieft e puer Saisonbeschtzäiten ënnert de Lëtzebuerger ass de Philippe Hilger iwwer d'400 Meter eng nei perséinlech Beschtzäit gelaf, dat mat engem Chrono vun 48 Sekonnen a 27 Honnertstel. De Gil Weicherding huet iwwer d'3.000 Meter Steeplechase eng gutt 6. Plaz realiséiert an d’Patrizia van der Weken huet staark 16 Punkte fir d’Team Lëtzebuerg gesammelt, wéi si d’Course iwwer 100 Meter gewonnen huet.

D'Resultater vun de Lëtzebuerger um 1. Dag.
D’Resultater vun de Lëtzebuerger um 1. Dag.
© COSL

Back to Top
CIM LOGO