Dat weltwäit gréisste sportlecht Evenement erfuerdert scho laang am Virfeld Preparatiounen. De COSL, de lëtzebuergeschen olympesche Comité, war Mëtt Juli zu Paräis, fir d’Arrivée vun eisen Athleten dat nächst Joer virzebereeden. Mir hu si hannert de Kulisse begleet.
Bal 15.000 Sportler, méi wéi 20.000 Journalisten an 13 Millioune Visiteure gi sech fir dëst Mega-Event erwaart, dat Milliarden Tëleespectateuren op der ganzer Welt virun d’Ecrane wäert zéien. Fir sech op dës aussergewéinlech Veranstaltung virzebereeden, kommen ee Joer am Viraus d’Participanten am Siège vu Paräis 2024 zesummen. Eng Woch laang waren d’Vertrieder vun den nationalen olympesche Comitéen aus bal 200 Länner invitéiert, fir beim Seminaire vun de Missiounscheffe matzemaachen. Dorënner och d’Marie-Jo Ries an de Raymond Conzemius vum COSL.
“Et ass een natierlech och ganz houfreg en Deel dozou bäizedroen, dass d’Athleten herno beschtméiglechst encadréiert sinn”, esou d’Marie-Jo Ries, Responsabel fir de Games Management beim COSL, “an et ass einfach cool, matzen dran ze sinn an dass ee wierklech matkritt, wat dat bedeit, Olympesch Spiller z’organiséieren, matzekréien, wat do alles dra stécht, wéi vill Leit do derhannert stiechen, dass dat risegt sportlecht Evenement d’nächst Joer stattfanne kann.”
Déi 392 Participanteë vum Seminaire kommen aus der ganzer Welt. Fir d’Vertrieder vum lëtzebuergesche Comité ass dëst Treffen eng Schlësseletapp bei de Virbereedunge vum Team Lëtzebuerg. Logement, Billetterie, Transport, Zeremonien... Déi ganz Logistik muss minutiéis virbereet ginn.
D’Virbereedung vun den olympesche Spiller ass eng vun den Haaptaufgabe vum COSL, de Luxembourg Paralympic Committee ass fir déi d’paralympesch Spiller zoustänneg. De COSL vertrëtt all eis national sportlech Federatiounen an notamment d’Lëtzebuerger Athleten, déi un de Spiller wäerten deelhuelen. “Wat ech hei wierklech mierken ass, dass den olympesche Gedanken, wou den ‘niveau d’égalité’ tëscht de Länner respektéiert ass, an dat spiere mir och als klengt Land ganz staark. Mir gi respektéiert. Mir sinn natierlech d’Nopere vu Frankräich, mir schwätzen hir Sprooch, dat hëlleft eis ganz vill”, erkläert den techneschen Direkter vum COSL Raymond Conzemius.
Ma net nëmmen d’Participanteë bereede sech vir, och an der franséischer Haaptstad geschitt grad sou munches. An engem nërdleche Viruert vu Paräis gëtt dat olympescht a paralympescht Duerf gebaut. De Chantier huet eng Fläch vu 70 Futtballterrainen. Bis zu 3.500 Aarbechter, 37 Kranen an 41 Architekte sinn am Asaz. Et ass dee gréisste Chantier a Frankräich. 2021 hunn d’Bauaarbechten ugefaangen, Enn Februar 2024 soll d’Duerf fäerdeg sinn, éiert d’Spiller am Juli ufänken. D’Käschte fir all d’olympesch Bauwierker ginn op 4 Milliarden Euro geschat. De Site ass awer esou konzipéiert, dass en en zweet Liewe kann hunn. No den Olympesche Spiller sollen hei 6.000 Leit wunnen an nach 6.000 Leit schaffe kommen.