EM-QualifikatiounLëtzebuerg steet no 2:0-Victoire a Bosnien op der drëtter Tabelleplaz

RTL Lëtzebuerg
Um véierte Spilldag vun der Europameeschterschaft-Qualifikatioun ass et fir d'Lëtzebuerger en Dënschdeg den Owend géint Bosnien-Herzegowina gaangen.
© Serge Olmo

Resumé Bosnien-Herzegowina - Lëtzebuerg / Reportage Gilles Tricca

En Dënschdeg den Owend gouf et fir d’Lëtzebuerger eng 2:0-Victoire a Bosnien-Herzegowina. Domadder stinn d’Rout Léiwen nom 4. Spilldag an der EM-Qualifikatioun op der drëtter Tabelleplaz am Grupp J. Weider trenne sech an dësem Grupp Island a Portugal mat 0:1 an d’Slowakei ka sech mat 1:0 zu Vaduz géint Liechtenstein duerchsetzen. Weider Resultater souwéi d’Goler aus den anere Matcher fannt Dir an dësem Artikel.

Bosnien-Herzegowina - Lëtzebuerg 0:2

0:1 Borges Sanches (4'), 0:2 Sinani (74')

Knapps 4 Minutte waren am Match gespillt, schonn hunn d’Lëtzebuerger fir den éischten Highlight gesuergt. D’Bosnier wollte roueg vun hannen erausspillen, mä de Borges Sanches wollt de Bosnier keng Zäit beim Spillopbau loossen, soudatt de jonke Lëtzebuerger déi géigneresch Defense ënner Drock gesat huet. Dëst huet de Barisic, deen de leschte Mann war, esou veronséchert, datt dësen de Ball verträntelt an en un de Borges Sanches verluer huet, deen dunn eleng a Richtung Golkipp marschéiert ass. Dësen ass virum bosnesche Golkipp ganz cool bliwwen an huet dat ronnt Lieder dunn no 4 Minutten zum 1:0 fir d’Lëtzebuerger am Gol ënnerbruecht.

D’Bosnier ware sichtlech schockéiert an hunn e bëssen Zäit gebraucht, fir sech nees ze fänken. An der 12. Minutt sollte si dunn fir déi éischte Kéier geféierlech virum Gol vum Moris opdauchen. Dëst no engem Corner vum Pjanic, deen dem Kodro säi Kapp fonnt huet. Dem Kodro säi Kappball war allerdéngs net cadréiert, soudatt de Moris am Lëtzebuerger Gol net huet missen agräifen. An der 17. Minutt war et dunn nees de Kodro, dee mat engem Kappball geféierlech virum Gol opgedaucht ass. Mä dës Kéier konnt de Bosnier just de Potto treffen, soudatt de Ball nees de Wee net an de Gol fonnt huet. De Moris an och déi ganz Lëtzebuerger Ekipp haten an dëser Situatioun Chance, datt net den 1:1 gefall ass.

Duerno ass et wuel nach op an of gaangen am Match, mä keng vu béide Formatioune konnt nach all ze geféierlech virum géigneresche Golkipp opdauchen, soudatt et mat engem net onverdéngten 1:0 aus Lëtzebuerger Siicht op den Téi gaangen ass.

Nom Téi huet de Match nees fulminant ugefaangen. Et waren rëm d’Lëtzebuerger, déi an der Ufanksphas d’Chance haten, fir e Gol ze markéieren. Allerdéngs huet de Barreiro Martins déi gutt Chance, fir op 2:0 ze erhéijen, léie gelooss. Duerno sinn d’Bosnier allerdéngs besser an de Match erakomm an hunn den Drock op déi Lëtzebuerger Defense erhéicht. Aus dësem Drock sollt dunn an der 55. Minutt en Eelefmeter fir d’Bosnier resultéieren. No engem héije Ball hat de Bohnert den Dzeko am Strofraum um Trikot gezunn, deen dëst natierlech gären ugeholl huet, fir en Eelefmeter fir seng Faarwen erauszehuelen. De fällegen Eelefmeter huet den Hadziahmetovic dunn allerdéngs an d’Wolleke geschoss, soudatt et beim 1:0 fir d’Rout Léiwen bliwwen ass.

Doropshin hunn d’Bosnier d’Heft an d’Hand geholl an hunn de Match dominéiert. Genee an dësem Moment hunn d’Lëtzebuerger an der 74. Minutt äiskal zougeschloen. De Sinani konnt vun Onstëmmegkeeten an der bosnescher Defense profitéieren, mat engem Wäitschoss op 2:0 erhéijen an domadder de Bosnier d’Loft aus de Seegelen huelen.

Bei dësem Resultat sollt et dunn och bleiwen, soudatt Lëtzebuerg mat 2:0 géint Bosnien-Herzegowina gewënnt an d’Rout Léiwen domadder, no enger gudder Leeschtung, verdéngt an d’Summerpaus goe kënnen.

D’Goler vun de Lëtzebuerger

Hei d'Goler vu Lëtzebuerg.
No der 2:0-Victoire steet Lëtzebuerg elo op der drëtter Tabelleplaz.

Déi bescht Zeenen am Match

Déi bescht Zeenen am Match.
Lëtzebuerg gewënnt net onverdéngt mat 2:0.

Reaktioune vun de Lëtzebuerger

Reaktioune vun de Lëtzebuerger.
D’Rout Léiwen freeë sech iwwert d’Victoire.

Back to Top
CIM LOGO