
An der éischter Hallschent hat Lëtzebuerg deels d’Iwwerhand vum Match mee d’Bosnier haten awer déi däitlech besser Golchancen an d’Roud Léiwen konnte beim Moris Merci soen dat et mat engem 0:0 an d’Paus gaangen ass. No der Paus gouf et net vill Golchancë mee kuerz viru Schluss hat Bosnien nach eng an hunn dës duerch den Edin Dzeko genotzt. Domadder verléiert Lëtzebuerg onglécklech mat 0:1 géint Bosnien-Herzegowina. Opgrond vun den däitlech bessere Chancen ass dës Victoire fir d’Heemekipp awer net onverdéngt.
Ënnen am Artikel fannt Dir weider Reaktioune vum Match.
Lëtzebuerg ass net gutt an de Match komm, ass direkt ënner Drock geroden an esou gouf et dann och direkt an der 1. Minutt eng gutt Chance fir den Demirovic, mä de Chanot konnt säi Schoss ofblocken. An der 6. Minutt huet dann awer och mol de Bohnert op riets Tempo opgeholl an hat vill Plaz, mä seng Pass an d’Mëtt ass net ukomm.
An de Minutten dono war et en zéie Match an deem d’Lëtzebuerger drop beduecht waren hanne sécher ze stoen. Dëst ass hinnen och gutt gelongen an esou gouf et net vill Chancen ze gesinn. An der 28. Minutt huet et den Danilovic mat engem Schoss aus 20 Meter probéiert mee de Moris huet dëse paréiert.
Ab der 30. Minutt huet Lëtzebuerg ëmmer méi d’Kontroll vum Match iwwerholl an hate méi Ballbesëtz. An der 41. Minutt huet de Rodrigues de Ball dann awer onnéideg verluer, Bosnien konnt mat 3 Stiermer géint 2 Defenseure konteren, mee um Enn huet de Prevljak de Ball wäit iwwert de Gol geschoss. Kuerz virun der Paus gouf et nach weider 2 grouss Chance fir Bosnien, mee de Moris konnt in extremis zwee mol géint den Nalic an de Gojak paréieren.
Lëtzebuerg ass gutt an déi zweet Hallschent erakomm, huet hannen näischt zougelooss an hat an der 55. Minutt eng gutt Chance duerch de Rodrigues, mä deem säi Schoss aus 18 Meter ass knapps iwwert de Gol gaangen. An de Minutten dono stoung Lëtzebuerg sécher an der Defense an huet quasi keng Chance vu Bosnien zougelooss. Selwer haten se allerdéngs och net vill geféierlech Situatiounen.
No 78 Minutte gouf et dann awer mol nees eng kéier e Schoss op de Gol vun de Lëtzebuerger an dat nees duerch de Rodrigues mee säi Schoss war kee Problem fir de Vasilj.
An der 86. Minutt ass de Bosnier dann awer tatsächlech nach den 1:0 gelongen an dat duerch den agewiesselten Edin Dzeko, dee vu riets an der Mëtt ugespillt gouf an aus kuerzer Distanz just huet missen an de Gol schéissen.
No der Partie ass ee gewuer ginn, datt de Maxime Chanot, nodeem hie no senger Verletzung ausgewiesselt gouf, huet missten an d’Spidol gefouert ginn, well hie Problemer mat engem A hat.