D’Fransouse ware vun Ufank u spillbestëmmend a sinn an der 18. Minutt duerch de Mathys Tel a Féierung gaangen. Déi jonk rout Léiwen hunn an der éischter Hallschent bis op de Gol wéineg zougelooss.
Ronn 10 Minutten no der Paus krut Frankräich dunn een Eelefmeter fir sech gepaff. Den Désiré Doué huet dem Tiago Pereira Cardoso am Gol vun de Lëtzebuerger keng Chance gelooss a konnt op 2:0 erhéijen. D’Ekipp vum Trainer Mario Mutsch huet vun Ufank bis zum Schluss gekämpft, mee leider huet et offensiv géint eng staark franséisch Ekipp un der néideger Duerchsetzungskraaft gefeelt.
Weider geet et e Samschdeg mam Match tëschent Frankräich an England ëm 16 Auer zu Hesper. Géint d’Ekipp vun der Insel trieden déi jonk rout Léiwen en Dënschdeg ëm 18 Auer zu Wolz un. Och déi Partie kënnt Dir um RTL.lu suivéieren.