Tennis - Davis CupLëtzebuerg verpasst den Opstig an de Weltgrupp I

RTL Lëtzebuerg
D'Lëtzebuerger Ekipp vum Kapitän Gilles Muller war e Freideg an e Samschdeg zu Bogota a Kolumbien am Tennis - Davis Cup gefuerdert.
© Federación Colombiana de Tenis

No de Simpel-Victoirë vum Chris Rodesch an Alex Knaff louch Lëtzebuerg nom 1. Dag vum Playoff vun der Weltgrupp I mat 2:0 géint Kolumbien a Féierung. Um 2. Dag konnt Lëtzebuerg net un deen Erfolleg uknäppen an huet d’Féierung aus der Hand ginn, fir sech um Enn misse mat 2:3 geschloen ze ginn. Domadder verpasst d’Ekipp vum Kapitän Gilles Muller den Opstig an de Weltgrupp I a wäert weiderhin an der Weltgrupp II vertruede sinn.

E Samschdeg waren am Dubbel den Alex Knaff an de Chris Rodesch hire Géigner Nicolas Barrientos/Cristian Rodriguez um Enn an dräi Sätz mat 3:6, 7:6 an 1:6 ënnerleeën, an de Simpelen huet den Alex Knaff sech missen dem Nicolas Mejia an zwee Sätz mat 2:6 an 3:6 geschloen ginn, de Chris Rodesch huet am leschten an decisive Match och an zwee Sätz mat 3:6 a 6:7 géint den Adria Soriano verluer.

E Freideg hat sech de Chris Rodesch an zwee Sätz mat 7:6 a 6:3 géint den Nicolas Mejia behaapt. Den Alex Knaff war dem Adria Soriano an dräi Sätz mat 6:4, 2:6 a 6:4 iwwerleeën.

Nieft dem Alex Knaff an dem Chris Rodesch hunn den Aaron Gil Garcia, de Raphael Calzi an den Gilles Kremer der Ekipp vum Kapitän Gilles Muller ugehéiert.

Back to Top
CIM LOGO