
Zu Baku koum et um Donneschdeg am Kader vun der Qualifikatioun fir d’Weltmeeschterschaft 2022 am Katar zum Match tëscht Aserbaidjan a Lëtzebuerg. D’Ekipp vum Luc Holtz wollt d’2:1-Victoire aus dem Allersmatch confirméieren.
D’Lëtzebuerger si mat vill Engagement an d’Partie gaangen an hunn duerch eng rout Kaart knapp 70 Minutten an Iwwerzuel gespillt. No enger animéierter zweeter Hallschent hu sech d’Rout Léiwen um Enn mat 3:1 duerchgesat. De Rodrigues huet dobäi zwee Goler markéiert.
Am zweete Match vum Grupp A ass tëschent Irland a Portugal kee Gol gefall. Duerch de Remis an Irland läit Portugal just nach duerch déi besser Goldifferenz viru Serbien op der éischter Plaz an der Tabell. De 14. November geet et beim direkten Duell tëschent béid Ekippen em d’Gruppevictoire. Lëtzebuerg huet 9 Punkten a steet domadder op der drëtter Plaz. Irland huet 6 Punkten an Aserbaidschan läit mat engem Punkt op der leschter Plaz vun der Tabell.
Doriwwer eraus huet Schweden iwwerraschend a Georgien verluer. Russland konnt sech kloer géint Zypern behaapten. Fannt all déi weider Resultater vun der Qualifikatioun fir d’WM hei!
De Luc Holtz huet scho virum Match fir eng kleng Iwwerraschung an der Startformatioun gesuergt. De Sébastien Thill, deen an der Lescht mat gudde Performancen an der Champions League op sech opmierksam gemaach hat, souz just op der Bänk. Donieft stoung de Schon fir de Moris am Gol, dee positiv op Corona getest gi war.
Lëtzebuerg huet direkt probéiert, de Géigner fréi ënner Drock ze setzen a koum no knapp zwou Minutten duerch de Rodrigues zu engem éischte Golschoss. Op der Géigesäit huet d’Heemekipp duerch eng geféierlech Fräistoussvariant just knapp laanscht de Gol geschoss.
Déi beschte Chance hat de Sinani no 18 Minutten. Säi Fräistouss sollt awer just op de Potto goen. Kuerz drop huet den Aserbaidjan sech du selwer geschwächt. No engem schroe Feeler op den Olivier Thill ass de Mutallimov mat enger rouder Kaart vum Terrain geflunn.
D’Rout Léiwen hunn de Fouss net vum Gas geholl a waren no un der Féierung drun. No enger Flank vum Sinani huet de Borges no engem Feeler vum géigneresche Golkipp den eidele Gol net getraff. Bis zur Paus sollt awer näischt méi passéieren.
An der zweeter Hallschent huet Lëtzebuerg weiderhi probéiert, no vir ze spillen. Rodrigues a Co. sinn awer an enger éischter Phas net laanscht déi kompakt Ofwier vun der Heemekipp komm. De Martins an den Olivier Thill hunn et mat Wäitschëss probéiert, déi waren awer net cadréiert oder net präzis genuch.
An der 65. Minutt hätt et bal am Lëtzebuerger Gol gerabbelt. No engem Konter ass e Schoss mat der Hack vum Makhmudov just knapp laanscht de Gol gaangen. Op der anerer Säit huet de Rodrigues du gewisen, wéi een e schéine Gol schéisst. No enger Flank vum Deville huet de Stiermer de Ball mat engem Fallrückzieher an de Gol gesat.
D’Confiance bei de Lëtzebuerger war lo grouss an no enger flotter Kombinatioun iwwer de Rodrigues huet den agewiesselte Sébastien Thill fir den zweete Gol gesuergt. Den Aserbaidjan huet awer net opginn a konnt nach eng Kéier verkierzen. No engem Corner stoung de Salahi eleng am Strofraum an huet de Ball an de Gol gekäppt. D’Ekipp vum Luc Holtz ass roueg bliwwen an huet kuerz viru Schluss de virentscheedenden drëtte Gol markéiert. Et war nees de Rodrigues, dee mat sengem fënnefte Gol an der aktueller Campagne fir d’Endresultat gesuergt huet.
Duerch dës Victoire stinn d’Rout Léiwe mat 9 Punkten op der drëtter Plaz an der Tabell.