WM-Qualifikatioun: 9. SpilldagGeorgien klappt Schweden, Russland a Kroatien mat héije Victoiren

RTL Lëtzebuerg
Däitschland huet donieft Liechtenstein mat 9:0 iwwerrannt. Virum Match gouf et eng Éierung fir de laangjärege Weltmeeschtertrainer Joachim Löw.
© Vano SHLAMOV / AFP

Um Donneschdeg war den Optakt vum 9. Spilldag an der WM-Qualifikatioun mat de Gruppe B, H a J. Spuenien huet Tabelleféierung vu Schweden iwwerholl a mécht domadder e grousse Schratt a Richtung Qualifikatioun fir d’WM am Katar.

Klickt hei, fir op den Artikel mam Match Aserbaidjan-Letzebuerg ze kommen.

Grupp B

Duerch Defaite vu Schweden, déi elo 15 Punkten hunn, ass Spuenien mat engem Punkt Virsprong nei un der Tabellespëtzt. D’Griichen hunn 9 Punkten. Georgien hunn all Match gespillt a si mat 7 Punkten op der véierter Plaz. Um Wupp vun der Tabell steet de Kosovo mat 4 Punkten.

Georgien - Schweden 2:0
1:0 Kvaratskhelia (61'), 2:0 Kvaratskhelia (77')

Resumé Grupp B: Georgien-Schweden
Schwede verléiert mat 0:2 a Georgien.

Griichenland - Spuenien 0:1
0:1 Sarabia (26')

Grupp H

Am Grupp H kämpfe Russland a Kroatien ëm déi éischt Tabelleplaz. D’Russen hunn aktuell zwee Punkten Avance. Hannendru stinn d’Slowenen an d’Slowake mat 11 Punkten. Malta an Zypern kommen op déi zwou lescht Plazen (5 Punkten).

Russland - Zypern 6:0
1:0 Erokhin (4'), Smolov (55'), 3:0 Mostovoy (56'), 4:0 Sutormin (62'), 5:0 Zaboloznyi (82'), 6:0 Erokhin (87')

Resumé Grupp H: Russland - Zypern
Russland léisst Zypern bei der 6:0-Victoire keng Chance.

Slowakei - Slowenien 2:2
0:1 Zajc (18'), 1:1 Duda (58', Eelefmeter), 1:2 Mevlja (62'), 2:2 Strelec (74')

Malta - Kroatien 1:7
0:1 Perisic (6'), 0:2 Caleta-Car (22'), 1:2 Brozovic (31', Selbstgol), 1:3 Pasalic (39'), 1:4 Modric (45+1'), 1:5 Majer (47'), 1:6 Kramaric (53'), 1:7 Majer (64')

Grupp J

Däitschland war scho virun der 9:0-Victoire sécher fir d’WM am Katar qualifizéiert. Mazedonien klëmmt hannendrun op déi zweet Plaz (15 Punkten). Rumänien läit elo ee Punkt hannendrun. Op den dräi leschte Plaze kommen Armenien, Island a Liechtenstein. All Ekipp huet nach ee Match ze spillen.

Armenien - Nordmazedonien 0:5
0:1 Trajkovski (22'), 0:2 Bardhi (36'), 0:3 Bardhi (67', Eelefmeter), 0:4 Ristovski (79'), 0:5 Bardhi (90', Eelefmeter)

Resumé Grupp J: Armenien-Nordmazedonien
Armenie verléiert mat 0:5 géint Nordmazedonien.

Däitschland - Liechtenstein 9:0
1:0 Gündogan (11', Eelefmeter), 2:0 Kaufmann (20', Selbstgol), 3:0 Sané (22'), 4:0 Reus (23'), 5:0 Sané (49'), 6:0 Müller (76'), 7:0 Baku (80'), 8:0 Müller (86'), 9:0 Goppel (89')

Rumänien - Island 0:0

Back to Top
CIM LOGO