EM-QualifikatiounLëtzebuerg wënnt mat 2:0 géint Liechtenstein

RTL Lëtzebuerg
An der 3. Ronn vun der EM-Qualifikatioun krut Lëtzebuerg et um Samschdeg mat Liechtenstein ze dinn.

Resumé Lëtzebuerg-Liechtenstein / Reportage Gilles Tricca

An den éischte 25 Minutte goufen et op béide Säite keng grouss Méiglechkeeten. No an no sinn d’Lëtzebuerger awer besser an de Match era komm a konnte sech duerch d’Schëss vum Vincent Thill an dem Danel Sinani geféierlech weisen.

An den 10 leschte Minutte vun der éischter Hallschent huet Lëtzebuerg fir ëmmer méi Drock gesuergt. Den Yvandro Borges, dee 6 Minutte méi frei de Potto getraff hat, konnt no enger gudder Pass vum Leandro Barreiro markéieren. Leider gouf säi Gol wéinst enger Abseits-Positioun annuléiert.

Wärend der Paus huet de Luc Holtz fir 3 Awiesslunge gesuergt. Ënner deenen de Gerson Rodrigues, deen an der 59. Minutt de Golkipp vu Liechtenstein täusche konnt, sou dat den Danel Sinani nëmmen nach de Bal an den eidele Gol ze drécken hat

An der 89. Minutt huet de Gerson Rodrigues dunn den Deckel drop gemaach an op 2-0 erhéicht.

Bei deem Resultat ass et dunn och bliwwen a soumat stinn d’Lëtzebuerger elo op der 3. Plaz an der Tabell.

Dat kann sech den Owend awer nach änneren. Um véierel vir 9 so am Grupp J nämlech nach Portugal géint Bosnien-Herzegowina an Island géint d’Slowakei.

D’Goler vun de Lëtzebuerger

Hei d'Goler vu Lëtzebuerg
An der 3. Ronn vun der EM-Qualifikatioun krut Lëtzebuerg et um Samschdeg mat Liechtenstein ze dinn.

Reaktioune vun de Lëtzebuerger

D'Reaktiounen nom Match
An der 3. Ronn vun der EM-Qualifikatioun krut Lëtzebuerg et um Samschdeg mat Liechtenstein ze dinn.

Back to Top
CIM LOGO