
E Samschdeg huet d’Lëtzebuerger Dammennationalekipp am Futtball hire 6. Match an der WM-Qualifikatioun gespillt. Zu Beetebuerg huet sech d’Ekipp vum Dan Santos mat 3:2 géint Lettland duerchgesat. Den decisive Gol huet d’Thompson an der 5. Minutt vun der Nospillzäit geschoss. Fir Lëtzebuerg ass et déi 2. Victoire an der WM-Quali.
An der Paus louchen d’Rout Léiwinne mat 0:1 hannen. D’Fedotova hat an der 29. Minutt fir Lettland markéiert. Kuerz no der Paus konnten d’Gäscht duerch e weidere Gol vum Fedotova op 2:0 erhéijen. De Lëtzebuergerinnen ass et duerno gelongen, fir eng Reaktioun ze weisen an esou konnte si duerch Goler vu Lourenco an der 50. Minutt an Thompson an der 81. Minutt op 2:2 ausgläichen.
Bis kuerz viru Schluss huet et no engem Remis ausgesinn, ma an der Nospillzäit sollt et nach emol hektesch ginn. Fir d’Éischt war d’Lettin Miksone mat Giel-Rout vum Terrain gesat ginn. An du krut Lettland no engem Foul vum Correia um Sevcova een Eelefmeter zougesprach. D’Voitane konnt dësen allerdéngs net verwandelen. Dat sollt et awer nach net gewiescht sinn. Lëtzebuerg konnt nach emol reagéieren an huet sech duerch e weidere Gol vum Thompson nach mat 3:2 d’Victoire geséchert.
Um RTL Play fannt Dir de ganze Match am Replay.
Den nächste Match ass en Dënschdeg. Da spillt Lëtzebuerg um 18 Auer géint Nordmazedonien. D’Partie kënnt Dir nees am Livestream op RTL.lu kucken.

D’Resultater vun de Lëtzebuergerinnen am Grupp D
Nordirland – Lëtzebuerg 4:0
Lëtzebuerg – England 0:10
Éisträich – Lëtzebuerg 5:0
Nordmazedonien – Lëtzebuerg 2:3
Lëtzebuerg – Éisträich 0:8
Lëtzebuerg – Lettland 3:2
D’Tabell vum Grupp D
1. England 21 Punkten (7 Matcher)
2. Éisträich 16 Punkten (7 Matcher)
3. Nordirland 13 Punkten (7 Matcher)
4. Lëtzebuerg 6 Punkten (6 Matcher)
5. Nordmazedonien 3 Punkten (7 Matcher)
6. Lettland 0 Punkten (6 Matcher)