Futtball: FrëndschaftsmatchLëtzebuerg zitt mat 1:3 géint Nordirland de Kierzeren

RTL Lëtzebuerg
Trotz enger gudder Leeschtung an der 2. Hallschent ginn d'Rout Léiwen duerch zwee nordiresch Goler an der Schlussphas als Verléierer vum Terrain.
Futtball-Frëndschaftsmatch: Nordirland klappt Lëtzebuerg
Mat 3:1 konnte sech d’Gäscht am Stade du Luxembourg géint d’FLF-Formatioun duerchsetzen.

Um Freideg Owend stoung den éischte Lännermatch fir d’Lëtzebuerger Nationalekipp am Joer 2022 um Programm. Am Frëndschaftsmatch huet de Géigner am Stade de Luxembourg Nordirland geheescht.

Lëtzebuerg-Nordirland, de Resumé vum Serge Olmo

Um Enn verléiert Lëtzebuerg mat 1:3 géint Nordirland. D’Gäscht sinn däitlech besser an de Match komm a sinn no 16 Minutten duerch de Magennis a Féierung gaangen. Lëtzebuerg huet an der 2. Hallschent en anert Gesiicht gewisen. De Marvin Martins huet an der 58. Minutt de verdéngten 1:1 markéiert. An de leschten 10 Minutten hunn d’Nordiren d’Feeler an der Lëtzebuerger Ofwier äiskal ausgenotzt. Den Davis an de Whyte hunn innerhalb vun zwou Minutten den Deckel op d’Partie drop gemaach. En Dënschdeg geet et fir Lëtzebuerg mat engem weidere Frëndschaftsmatch a Bosnien-Herzegowina weider.

Den Nationaltrainer Luc Holtz
...

Ënnen am Artikel fannt Dir weider Reaktioune vun de Roude Léiwen.

De Resumé vum Match

D’Rout Léiwe si mat fënnef Leit an der Ofwier an de Match gaangen. Trotz der stabiller Defense ass d’Ekipp vum Luc Holtz nervös an de Match gestart. D’Gäscht ware no 90 Sekonne schonn zweemol geféierlech virun de Lëtzebuerger Gol komm. D’Heemekipp huet lues a lues besser an de Match fonnt, d’Nordire sinn awer weiderhi geféierlech bliwwen. An der 8. Minutt war dem Lavery säi Schoss net cadréiert. Zwou Minutte méi spéit huet den Anthony Moris mat enger duebeler Parad de Géigegol verhënnert. Op der anerer Säit ass e Schoss vum Sinani just knapp laanscht gaangen. No 16 Minutte sinn d’Gäscht verdéngt a Féierung gaangen. No engem einfache Ballverloscht vum Chanot huet dem Magennis säi Schoss de Wee an de laangen Eck fonnt.

1.Gol fir Nordirland
An der 16. Minutt huet de Magennis d’Gäscht a Féierung bruecht.

Och no dësem Gol huet Lëtzebuerg am Spillopbau ze vill Feeler gemaach, déi d’Gäscht awer net ausgenotzt hunn. Virun der Paus haten d’Rout Léiwen awer déi bescht Phas. Fir d’éischt huet de Rodrigues no enger Flank vum Marvin Martins iwwer de Gol geschoss. Kuerz drop konnt de Flanagan eng Flank vum Rodrigues klären. E Gol sollt bis d’Paus awer net méi falen.

Déi zweet Hallschent hunn d’Lëtzebuerger méi konzentréiert ugefaangen a si hu sech geféierlech Golchancen erausgespillt. An der 52. Minutt war dem Pinto säi Schoss nach ze schwaach. Kuerz drop huet de Marvin Martins et besser gemaach. No engem Corner huet de Spiller vun Austria Wien de Ball an de Filet gekäppt.

D’Heemekipp war lo déi dominant Ekipp um Terrain a ass weiderhin zu gudde Geleeënheete komm. Den agewiesselte Southwood am iresche Gol huet géint de Sinani an de Rodrigues gutt Parade gewisen. Bei Nordirland ass de Spillfloss aus der 1. Hallschent duerch déi vill Auswiesslunge verluer gaangen. Mat der éischter geféierlecher Aktioun nom Säitewiessel hunn d’Gäscht den zweete Gol markéiert. No engem Gewulls am Strofraum huet den Davis am séierste reagéiert an huet seng Ekipp erëm a Féierung geschoss.

No engem Feeler vum Mahmutovic huet de Whyte an der 85. Minutt fir d’Entscheedung gesuergt.

Gol vu Lëtzebuerg an d'Goler 2 an 3 vun Nordirland
....

Lëtzebuerg huet um Enn trotz enger besserer Leeschtung an der 2. Hallschent duerch eege Feeler mat 1:3 géint Nordirland verluer.

Déi bescht Zeenen aus dem Match
Mat 1:3 hunn d’Rout Léiwe sech géint Nordirland misse geschloe ginn.

Weider Reaktioune vun de Roude Léiwen

De Marvin Martins am Interview
....
De Mathias Olesen am Interview
....
De Laurent Jans am Interview
....

Back to Top
CIM LOGO