Am Allersmatch op der Insel hat Nordirland mat 4:0 géint Lëtzebuerg gewonnen. Doheem wollten d’Lëtzebuergerinnen et besser maachen.
An der éischter Hallschent haten d’Spillerinnen aus Nordirland d’Iwwerhand. Si hu 7 mol op de Lëtzebuerger Gol geschoss, iwwerdeems d’Rout Léiwinnen dat just 2 mol op der anerer Säit konnte realiséieren. Vun de 7 Schëss war och een derbäi, deen um Potto gelant ass. Kee Schoss vun de Lëtzebuergerinne war kadréiert.
Bei de Corneren huet d’Statistik och fir d’Nordirinne geschwat, dat mat 3 zu 0. No 47 Minutten ass de Match awer mat engem 0:0 an d’Paus gaangen.
Fir déi 2. Hallschent huet Nordirland direkt 3 nei Spillerinnen an de Match bruecht, dat mam Caldwell, Holloway an dem Hamilton. Dofir hu McCarron, Andrews a McDaniel musse Plaz maachen.
An der 48. Minutt wier dann och scho bal den 0:1 gefall, ma d’Lëtzebuerger Nummer 1 Lucie Schlime konnt de Schoss paréieren.
An der 53. Minutt huet et dunn awer no engem Corner gerabbelt. D’Sarah McFadden war am héchste gesprongen a konnt zum 1:0 fir Nordirland erakäppen. Nëmmen zwou Minutten drop war et bal den 2:0, nodeems se an der Lëtzebuerger Defense ellen un d’Struewele komm waren. Ma de Ball war just un d’Baussennetz geroden. D’Gäscht aus Nordirland hunn den Drock héich gehalen a wollten d’Virentscheedung.
An der 65. Minutt huet dann och de Lëtzebuerger Trainer reagéiert a mam Kelly Mendes an dem Jessica Becker zwou frësch Spillerinnen agewiesselt, dat fir d’Marisa Soares Marques a fir d’Noemie Tiberi.
D’Jessica Becker huet dann och net laang gebraucht, fir sech eng giel Kaart anzefänken, dat an der 71. Minutt.
An der 73. Minutt gouf d’Caroline Jorge ausgewiesselt an d’Julie Marques Abreu koum op den Terrain. De Match war zu deem Ament e bësse méi verfuer an et koum zu e sëllegen Ënnerbriechungen no Foulspill.
An der 80. Minutt koum dunn den dach iwwerraschenden Ausgläich fir Lëtzebuerg, dat duerch e Gol vum Amy Thompson. D’Freed war grouss, gouf allerdéngs gedämpft, nodeems d’Thompson nom Gol déi giel-rout Kaart gesinn huet.
Vun deem Ament un huet Lëtzebuerg also just nach zu 10 gespillt.
Den Trainer vun den Nordirinnen huet reagéiert an d’Abbie Magee agewiesselt, fir d’Marissa Callaghan. Och op Lëtzebuerger Säit gouf gewiesselt. D’Nathalie Ludwig koum eran fir d’Defense an eraus goung d’Marta Estevez. Am Mëttelfeld koum dunn nach d’Joana Lourenco Magalhaes fir d’Charlotte Schmit.
An der 85. Minutt koum dunn awer déi äiskal Dusch. Vun hallefriets huet sech d’Rebecca McKenna de Bal erkämpft, sech en Häerz gefaasst a mat engem stramme Schoss flaach an de laangen Eck zum 2:1 markéiert.
Wéinst de villen Ënnerbriechunge goufe vum kroateschen Arbitter-Trio nach emol 5 Minutten Nospillzäit dropgesat. Et sollt sech awer näischt méi um Score änneren. Nordirland wënnt mat 2:1 géint Lëtzebuerg.
An der Tabell huet Nordirland elo 16 Punkten aus 9 Matcher a steet op Plaz 3. Lëtzebuerg bleift mat 9 Punkten op Plaz 4. Leader an der Tabell ass England mat 24 Punkten, virun Éisträich mat 19 Punkten. Béid Ekippen treffen um Samschdeg openeen.
En Dënschdeg den Owend spillt d’Lëtzebuerger Dammennationalekipp dann hire leschte Match an der WM-Qualifikatioun. D’Rout Léiwinne spillen auswäerts zu Stoke-on-Trent géint den Europameeschter England. Um 19.30 Auer eiser Zäit gëtt de Match ugepaff.