
An der Silverleague hunn d’Lëtzebuerger Dammen e Sonndeg um 17 Auer hire leschte Match géint Israel gespillt. Zu Maribor a Slowenien huet d’FLVB-Formatioun kloer an dräi Sätz mat 23:25, 16:25 a 14:25 de Kierzere gezunn.
Fir d’Lëtzebuerger Dammen ass d’Aventure an der Silverleague domadder eriwwer. Si konnten um Enn keng Partie gewannen.