
E Freideg den Owend gouf et fir d’Lëtzebuerger Damme schonn eng 0:3-Defaite géint Éisträich. Ma och e Samschdeg ass et zu Maribor géint Slowenien näischt ze huele ginn. Duerch e 14:25, 19:25 an 13:25 ass de Match no 3 Sätz mat enger weiderer klorer Defaite op en Enn gaangen.
Am leschte Match vun der Silverleague geet et fir Lëtzebuerg dann e Sonndeg um 17.00 Auer nach géint Israel.